
Der Police war en Donneschdeg géint 16.30 Auer e Mann gemellt ginn, deen an engem Zuch vun Ettelbréck op Miersch déi aner Passagéier belästegt huet. Bei der Kontroll vum staark alkoholiséierte Mann op der Mierscher Gare gouf och eng kleng Quantitéit un Droge séchergestallt. No enger medezinescher Kontroll huet de Mann eng Nuecht um Policebüro misste verbréngen.
En Donneschdeg huet d’Police op der Kinnekswiss an der Stad am ganzen 34 Persounen op Drogen hi kontrolléiert. Bei sechs Leit konnt eng kleng Quantitéit un Haschisch oder Marihuana fonnt ginn. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.
Och zu Iechternach huet d’Police an der Nuecht op e Freideg wéinst Droge missten intervenéieren. An der Rue Benedikt Zender war op engem Parking ee verdächtegen Auto opgefall. Eng vun den zwou Persounen am Auto hat Haschisch derbäi, bei enger Perquisitioun doheem goufe weider 30 Gramm, genee ewéi Handyen a Boergeld fonnt.
An der Bouneweger Strooss an der Stad gouf en Donneschdeg eng Persoun vun dräi Täter iwwerfall, déi dem Affer eng Kette vum Hals gerappt hunn. No der Dot sinn Täter zwar geflücht, ma zwee vun hinne goufen awer méi spéit vun enger Patrull gestallt. Bei der Kierperkontroll um Policebüro konnt déi geklaute Ketten allerdéngs net fonnt ginn. Weider Ermëttlunge goufen deemno lancéiert.