PoliceMann op Busarrêt am Pafendall iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
E Grupp vun 3 Männer soll dem Affer de Smartphone aus deem senger Täsch geholl hunn.
© RTL Archiv

D’Police mellt en Iwwerfall vun e Sonndeg op e Méindeg um 4.15 Auer am Pafendall bei engem Busarrêt.

D’Affer, dat vun engem Grupp Männer opgefuerdert gouf, den Handy ofzeginn, konnt ugangs den Telefon nees zeréckhuelen, doropshin hunn d’Täter awer mat Gewalt dem Affer all seng Wäertsaachen nees ewechgeholl.

Well d’Police direkt informéiert gouf, konnte si d’Täter duerno an der Uewerstad pëtzen an déi geklauten Objete recuperéieren.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Täter festgeholl.

E Méindeg de Mëtteg um kuerz no hallwer 1 ass zu Dikrech an der Avenue de la Gare eng Persoun ugestouss ginn. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad.

Back to Top
CIM LOGO