
E Mëttwoch géint 16 Auer gouf e Mataarbechter vun engem Liewensmëttelgeschäft blesséiert, nodeems hien ee Mann zur Ried gestallt huet, dee probéiert hat, Alkohol matgoen ze loossen. Ier den Déif sech aus dem Stëbs gemaach huet, huet hien dem Employée nach e puer Schléi ginn.
Den Déif war schonn alkoholiséiert a gouf vun enger Policepatrull an der Avenue de la Gare gestoppt. Um Policebüro wollt de Mann allerdéngs net kooperéieren an huet zwee Beamten ugegraff, déi dobäi allerdéngs net blesséiert goufen. Géint de Mann gouf eng Plainte wéinst Kierperverletzung, Rebellioun géint Beamten an Déifstall gemaach. Fir nees niichter ze ginn, gouf de Mann an d’Ausniichterungszell bruecht.
Zu Sandweiler an der Rue Principale gouf e Mëttwoch ee Mann beklaut, dee Problemer mat den An huet. Am Virraum vun enger Bank wollt d’Affer Suen um Automat ophiewen. Gläichzäiteg koumen zwee onidentifizéiert Männer an de Raum an hu séier gemierkt, datt de Mann virun hinnen net méi gutt gesäit. Dëst hunn d’Täter ausgenotzt an hu mam Mann senger Kaart Suen opgehuewen. D’Suen, déi d’Affer schonn opgehuewen hat, hu si dem Mann aus der Hand gerappt.
Zeien hu beschriwwen, d’Männer hätte warscheinlech nordafrikanesch Originnen. Béid hate Schutzmasken un an däischter oder schwaarz Baseball-Kapen. Ee vun de Männer hat schwaarz Hoer, déi iwwer d’Oueren erauskoumen, ee Vollbaart, däischter Aen an eng schwaarz Jackett. Den zweete Mann war dënn a ronn 1,80 Meter grouss. D’Police ermëttelt.
Zu Beetebuerg an der Rue Klensch gouf e Mëttwoch de Mëtteg géint 16 Auer dann och nach ee Passant aggresséiert an iwwerfall. Ee jonke Mann huet dem Affer vun hannen un den Aarm gepaakt, an huet him an der nämmlechter Beweegung d’Kette vum Hals gerappt. D’Police hëlt un, datt ee Kompliz an der Géigend schonn an engem Auto op den Déif gewaart huet. D’Affer gouf net blesséiert, stoung no der Dot awer ënner Schock. Et gouf eng Plainte gemaach an Ermëttlunge goufen opgeholl.