
D'Police war e Méinden de Mëtten an der Avenue de la Liberté op de Persounegrupp opmierksam ginn. Bei der uschléissender Kontroll ass op eemol e Mann op sengem Elektroroller op ee vun de Polizisten duergefuer an ongebremst an hie gerannt.
Béid Persoune sinn op de Buedem gefall. De Mann huet sech dunn ze Fouss Richtung Zentrum duerch d'Bascht gemaach, wou hien awer kuerz drop konnt gestallt ginn.
Wärend der Flucht huet de Mann e puer Tute mat Marihuana ewechgehäit. D'Droge goufe séchergestallt an de Mann protokolléiert.