Aggressiivt Verhalen a MordmenacenMann verbréngt Nuecht am Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et an de leschte Stonnen eng Partie Déifställ an eng Persoun krut de Permis ofgeholl.
© Police

Kuerz no 19 Auer krut d’Police e Freideg den Owend eng Kläpperei engem Lokal am Garer Quartier gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamte keen Täter, dofir awer eng blesséiert Persoun an der Géigend vum Lokal ugetraff. Den alkoholiséierte Mann war net kooperativ, huet d’Policebeamten an d’Secouristen, déi op d’Plaz geruff gi waren, vernannt an huet ëm sech geschloen. Och wärend dem Transport an d’Klinick huet de Mann sech net berouegt an huet dunn och nach Mordmenacë vu sech ginn.

Nodeems de Mann medezinesch versuergt war, koum hien an de Passagearrest. De Parquet gouf informéiert.

Partie Déifställ

E Freideg am Nomëtteg gouf op engem Busarrêt zu Esch-Sauer e Rucksak geklaut. An der Stad huet een Onéierlechen e Portmonni an en Handy aus engem Rucksak matgoe gelooss.

An der Nuecht op e Samschdeg gouf zu Rouspert e Vëlo geklaut, dëse war un engem Luuchtepotto festgemaach. Da soll den oder déi onbekannten Täter och nach 3 Aangele geklaut hunn, déi virun enger Roulotte stoungen.

An e Samschdeg an de fréie Moiesstonnen huet zu Bouneweg en onbekannten Täter enger Serveuse den Handy vum Comptoir geklaut.

Alkohol um Steier

Eng Persoun krut dann och nach hire Fürerschäin ofgeholl. Enger Patrull war een Auto opgefall, dee mat héijer Vitess duerch d’Route d’Esch an der Stad gefuer ass. Bei der Kontroll vum Chauffer war den Alkoholtest positiv.

Back to Top
CIM LOGO