
Well de Mann sech net ausweise konnt a well hei de Verdacht vu Bedruch a versichtem Bedruch virlouch, koum de presuméierten Täter mat op de Policebüro.
D’Police judiciaire gouf vum Parquet zu Dikrech mat weideren Ënnersichunge beoptraagt. Wärend den Ermëttlunge goufen dunn Zesummenhäng mat engem weidere Fall vu Bedruch a Geldwäsch aus dem Dezember 2021 festgestallt.
De Mann gouf dunn op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter. Hie koum dono als Verdächtegen an de Prisong op Schraasseg.