Sträit zu Diddeleng eskaléiertMann versicht, eng aner Persoun mam Auto ze iwwerrennen

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.30 Auer e Méindeg gouf der Police eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng gemellt.

E Mann hätt hei versicht, eng aner Persoun mam Auto ze iwwerrennen. Dës gouf dobäi liicht blesséiert.

Op der Plaz konnt de Chauffer du relativ séier vun de Poliziste gestoppt an immobiliséiert ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a soll en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter kommen.

© RTL Mobile Reporter

D’Strooss war wärend dem Asaz fir de Verkéier gespaart.

Back to Top
CIM LOGO