Regret wéinst sengem VerhalenMann wéinst Upskirting viru Geriicht

Diana Hoffmann
Den Ugekloten huet sech beim Affer entschëllegt. Virum Riichter konnt hien och net erklären, wat a sengem Kapp virgaangen ass.

E Mëttwoch huet sech e Mann wéinst “Upskirting” viru Geriicht veräntwerte mussen. Verschotert souz den Ugekloten op der Bänk am Geriichtssall, schonn ier de Prozess lassgaangen ass. De 34 Joer ale Mann huet viru sech op de Buedem gestuerkt. Et wier e Feeler gewiescht, an hie géing alles bereien, wat e gemaach huet, sot hie virum Riichter.

De Mann kontestéiert näischt vun deem, wat him reprochéiert gëtt. Op véier verschiddenen Deeg kann him nogewise ginn, dass hien zejoert Fraen ënnert d’Jupe gefilmt hat.

Ma den 1. Abrëll zejoert koum seng Aktivitéit séier op en Enn. Moies virun 9 Auer huet hien um Tramsarrêt virun der Gare gemaach, wéi wann e géing seng Schong strecken. Dobäi huet en enger jonker Fra vu 24 Joer ënner d’Jupe fotograféiert. Ier dës awer richteg konnt realiséieren, wat passéiert ass, war schonn e Passant ageschratt. Hien huet den Ugekloten opgefuerdert, d’Foto ze läschen. En anere Mann, deen d’Zeen observéiert huet, huet sech och agemëscht.

E jonke Mann huet sech misse wéinst Upskirtng veräntweren / Diana Hoffmann

Déi zwee Männer hunn den Ugekloten, dee sech net gewiert huet, op de Policebüro bruecht. Hei gouf säin Handy confisquéiert. Dobäi ass opgefall, dass nach Fotoe vu Frae vun 3 aneren Deeg am geläschte Folder um Handy waren.

De Parquet weist drop hin, dass et sech beim sougenannten “Upskirting”, also dem Filmen oder Fotograféieren ënnert der Jupe, géing ëm e Behuelen handelen, wat zanter 2021 ënner Strof steet. Ënner anerem, well et hei kee Fait isolé gewiescht wier, fuerdert de Parquet eng Geldstrof an eng Prisongsstrof vu 6 Méint mat Sursis probatoire. Gebonnen un d’Obligatioun un engem psychologeschen Traitement ze participéieren.

Den Affekot vum Ugekloten huet vun enger sexueller Frustratioun vu sengem Client geschwat. Dësen hätt keng Antecedante gehat an e Casier vierge. Dass en d’Fotoen direkt geläscht huet, géing jo weisen, dass en ni d’Intentioun hat, se ze deelen. Nach ier hien zu sengem Affekot geruff gi wier, hätt säi Mandant sech psychologesch Hëllef geholl. Seng Situatioun wier stabel. Zanter laangem wier en an enger Relatioun, hätt e Kand an eng Aarbecht.

Dofir freet den Affekot d’Abstraktioun vun enger Prisongsstrof a just eng Geldstrof. A wann de Riichter der Meenung wier, dass et néideg ass, freet den Affekot eng Strof a Form vu gemengnëtzeger Aarbecht. Fir d’Affer sollt et eng Entschiedegung tëscht 250 a 500 Euro ginn.

D’Urteel gëtt den 12. Mee gesprach.

Back to Top
CIM LOGO