Police sicht no ZeienMann zu Péiteng mat enger Matraque attackéiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 19.25 Auer gouf an der Géigend vun der Gare, an der Rue Robert Schuman, e Mann iwwerfall a geschloen.

Den Täter huet säin Affer direkt e puer Mol an de Réck a wittert de Kapp geschloen. Dono ass hien a Richtung "schwaarze Wee" geflücht respektiv a Richtung vum Parking vun der Gare.

Den Ugrëffer huet Lëtzebuergesch geschwat, war tëscht 1,75 an 1,80 Meter grouss a war athletesch gebaut. Hien hat eng schwaarz Jackett an eng schwaarz Joggingsbox un. E schwaarze Buff an eng Marke vu Lacoste hunn d'Gesiicht vermummt.

All d'Informatioune si fir d'Police vun Déifferdeng um 244-531-000

Back to Top
CIM LOGO