Bilan StaatsfinanzenManner Recettë vum Zentralstaat duerch d'Corona-Pandemie

RTL Lëtzebuerg
D'Recettë vum Zentralstaat sinn duerch d'Corona-Pandemie d'lescht Joer ëm 1,5 Mia. € hannert deem zeréckbliwwen, wat am Budget fir dat Joer gestëmmt gouf.

Eleng bei de Steiere si gutt 460 Milliounen Euro manner erakomm, wéi nach dat Joer virdrun. Dat huet de Finanzministère wësse gedoen.

Wat gutt fir den CO2-Bilan vum Land war, war et manner fir d'Recetten. Am leschte Joer goufen nämlech 113 Millioune Liter Bensin a 460 Millioune Liter Diesel manner am Grand-Duché getankt, wéi nach dat Joer virdrun.

Bei den Depensë vum Zentralstaat ass et dann e Plus vu gutt 250 Milliounen Euro par Rapport zum Budget, dee gestëmmt gouf. Grond dofir sinn natierlech déi héich Depensen am Kader vun der Kris. Notamment goufen eleng bis Enn 2020, 937 Milliounen Euro an de Chômage partiel investéiert, 235 Milliounen Euro goufe gebraucht, fir den zousätzleche Congé pour raisons familiales ze finanzéieren, 194 Milliounen Euro goufen ausginn, fir d'Gestioun vun der sanitärer Kris an 103 Millioune goungen als Hëllefen u kleng Entreprisen an Independanten.

Gläichzäiteg goufen déi geplangten Investitioune bäibehalen, dat fir 2,7 Milliarden Euro. Deemno gouf et d'lescht Joer bei den Depensë vum Zentralstaat e Plus vun 2,6 Milliarden Euro am Verglach mam Joer virdrun.

Déi ëffentlech Schold klëmmt iwwerdeems op 16 Milliarden Euro, wat gutt 26 Prozent vum PIB entsprécht.

Back to Top
CIM LOGO