No Iwwerfall a Stater ParkMannerjärege mat Softair-Pistoul, Nunchaku a Messer gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend war e Mann mat enger Waff menacéiert ginn, éier hie vu ronn 10 jonke Männer iwwerfall a beklaut gouf. Een Täter konnt ermëttelt ginn.
© Laurent Weber / RTL

Géint 19.20 Auer hat e Mannerjäregen de Mann an der Géigend vun der Spillplaz am Stater Park bei der Avenue Emile Reuter no sengem Handy gefrot, fir domat engem unzeruffen. Wéi dëse refuséiert huet, si weider Männer erbäigelaf komm, déi de Mann ugegraff an him den Handy an de Portmonni geklaut hunn.

Nom Iwwerfall, bei deem ee vun de Jonken de Mann mat enger Aart Pistoul menacéiert huet, ass de Grupp vu ronn 10 jonke Männer an onbekannt Richtunge geflücht. Am Kader vun der Sichaktioun konnt déi verdächteg Persoun, déi d’Waff beim Iwwerfall gewisen huet, am Garer Quartier ermëttelt a festgeholl ginn. De Mannerjäregen hat allerdéngs nach e puer Waffe méi bei sech, nämlech eng Softair-Pistoul mat 36 Patrounen, en Nunchaku, e Messer an eng Waffebox.

Op Uerder vum Parquet goufen dem Jong seng Donnéeë registréiert, eng Plainte erstallt an déi séchergestallt Waffe saiséiert. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO