Police-BulletinMannerjäregen no versichtem Déifstall mat Messer erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Jugendlechen e Sonndeg e Passagéier an engem Bus mam Messer menacéiert hat, konnt hien zwar flüchten, gouf awer méi spéit vun der Police gepëtzt.

Géint 10 Auer e Sonndeg de Moien huet de Mannerjäregen e Mann an engem Bus zu Stroossen mat engem Messer menacéiert an opgefuerdert, him den Handy an d’Kopfhörer ze ginn. Dem Mann war et allerdéngs gelongen, d’Police z’informéieren, wouropshin de jonken Täter geflücht ass.

Bei der Sich nom Jugendleche konnte hien an engem vun de Busser ugetraff ginn, déi ugehalen a kontrolléiert goufen. Nodeems de jonke Mann sech ufanks géint d’Beamten gewiert huet, gouf hien immobiliséiert a krut Handschellen ugedoen. Op senger Plaz louch e Messer, dat esou placéiert war, datt et direkt grëffbereet an asetzbar gewiescht wier. Dëst gouf vun der Police séchergestallt a saiséiert.

De Parquet huet de mannerjäregen Täter provisoresch an der Unisec zu Dräibuer placéiert.

Back to Top
CIM LOGO