
Dat huet d’Police en Donneschdeg am spéide Moien an hirem Bulletin gemellt. Do geet ervir, dass et e staarke Verdacht gouf, datt e Mann eng mannerjäreg Persoun an engem Zuch vun der Stad a Richtung Péiteng soll op deplacéiert Aart a Weis ugepaakt hunn.
Nodeems d’Affer zu Esch ukoum, konnt et sech a Sécherheet bréngen an huet do eng Persoun net wäit vun der Escher Gare ewech informéiert. Dës Persoun huet versicht de Mann unzehalen, dee sech lassrappe konnt an an Direktioun Boulevard J.F. Kennedy fortgelaf ass. Do konnt de Verdächtege vun engem Sécherheetsbeamte vun der Gare gestallt ginn a gouf der Police ausgeliwwert.