
De Marcel Humbert, dee Joerzéngte laang an der LSAP engagéiert war, hat virun 8 Deeg de Budget vun der rout-grénger Majoritéit net matgestëmmt an dono d’Motion de censure vun der schwaarz-bloer Oppositioun ënnerschriwwen. D’Gemeng, an där de Buergermeeschter souwisou Enn dës Mounts a seng politesch Pensioun wollt goen, steet elo virun engem gréissere Wiessel, duerch deen d’LSAP méi wéi sécher an der Oppositioun lant.
D’Sozialisten an déi Gréng haten eng ganz knapp Majoritéit. Zesumme koume se op 7 vun 13 Mandater. Elo, wou de Marcel Humbert awer net méi op der selwechter Säit wëll stoen, wéi seng Parteikolleegen huet Rout-Gréng och keng Majoritéit méi.
Hie selwer wëll als Onofhängegen zu Käl/Téiteng am Conseil bleiwen, wann d’CSV an d’DP sech zesummendinn. Eppes, wat bei de Sozialiste fir Roserei suergt. Den demissionäre Buergermeeschter John Lorent:
“Mir wëllen dat Mandat zeréck. Ech wëll dem Här Humbert jo elo näischt Schlechtes wënschen. Et gëtt zwou Méiglechkeeten, dat ass d’Demissioun oder de Stierffall esou wéi d’Gesetz dat virgesäit. Mir hätten dat Mandat gären zeréck, well et ass en LSAP-Mandat.”
De Marcel Humbert schéngt awer net wëlles ze hunn, dat Mandat ofzeginn. Och wann e seet, datt et him schonn eppes ausmécht, datt d’Sozialisten, duerch hien an d’Oppositioun mussen.
“Dach! Also ech laachen net doriwwer. Ech sinn och net ganz frou doriwwer, mä et si gewësse Grënn Schold, datt ech dat gemaach hunn.”
Iwwert déi Grënn wëll de Marcel Humbert elo awer nach net schwätzen. Just esou vill, et hätt näischt mat engem Muechtkampf ze dinn. De Buergermeeschter John Lorent erënnert, datt eng Koalitioun an och eng Partei e Kollektiv ass:
“E Kollektiv besteet net aus Eenzelspiller, mä aus Leit, déi solidaresch sinn an hien ass aus där Solidaritéitsketten erausgebrach an dat ass fir mech perséinlech dat Aller-, Aller-, Allerlescht.”
Dës Streidereien dierften um Enn dem Wieler am meeschte schueden. Bis en neie Schäfferot forméiert a vereedegt ass, dauert et Wochen. Eng Zäit, an där d’Gemengeverwaltung blockéiert ass, well och de rektifizéierte Budget net gestëmmt gouf. De Marcel Humbert gesäit dat net onbedéngt esou.
“Deen Ee seet esou, deen Aneren esou. Et gi Bierger, déi net frou sinn, datt ech dat gemaach hunn, anerer sinn zefridden domadder. Ech wëll elo net dorobber agoen, mä et kënnt deen Dag, wou ech dorobber aginn an och scho wäert no bausse soen firwat.”
Déi Explikatioune versprécht de Marcel Humbert fir Ugangs Januar, wann am Gemengerot zu Käl/Téiteng de Mësstrauensvott ass.