Zweiwel un de CovidmesurenMarie-Paule Dondelinger trëtt aus der Piratepartei aus

Diana Hoffmann
Déi fréier Co-Porte-parole vun de Piraten a bis de Méindeg de Moie Präsidiumsmember Marie-Paule Dondelinger ass aus der Partei ausgetrueden.

21/12/2021 Marie-Paule Dondelinger Austrëtt Piraten 7h30 (On

Fir eng Stellungnam war si net z’erreechen. Et schéngt awer, wéi wa si net méi mat der Parteilinn a puncto Coronamesuren d’accord gewiescht wier.

Rezent ass an de soziale Medien en Interview vun Abrëll opgetaucht, an deem d’Marie-Paule Dondelinger d’Testen, wann een an e Spidol ageliwwert gëtt, an och d’Droe vu Masken an de Schoulen hannerfreet. Et wier liichtfankeg an onverantwortlech, datt Kanner a Léierpersonal de ganzen Dag missten eng Mask undinn, sou eng vun den Aussoen am Video. Maske géingen zu engem Sauerstoff-Manktem féieren, dovunner ass si iwwerzeegt.

Op den Interview ugeschwat, deen d’Marie-Paule Dondelinger um Youtube-Channel “Gutt ze wëssen TV” ginn huet, seet de Marc Goergen, datt ee fir d’éischt emol misst préiwen, wat fir Aussoe gemaach goufen, an da wéilt een nach eng Kéier mat der Marie-Paule Dondelinger schwätzen. Dozou wäert et lo no hirer Demissioun net méi kommen.

Datt an der Partei och Äusserunge gemaach ginn, déi net der Parteilinn entspriechen, dozou de Piraten-Deputéierte Marc Goergen: “Dat ass natierlech an der Corona-Situatioun och eppes, wat eis Pirate virun eng Erausfuerderung stellt, well mir jo awer eng Partei sinn, wou elo vill nei Membere bäikomm sinn. Vill nei Memberen och bäikomm sinn, déi net zefridde si mat der Regierungspolitik vu Corona, a villäicht och net ëmmer zefridde si mat deem, wat mir an der Chamber verzielen.”

Net all Member hätt déi selwecht Vue op d’Covidmesuren. Wann hien awer géing iergendee gesinn, deen am Numm vun der Partei Blödsinn a puncto Covid géing posten, géing déi Persoun warscheinlech erausfléien.

“Et ass awer allgemeng esou, dass bei eis an der Partei et erlaabt ass, wann ee seet, datt ee sech net wëll impfe loossen oder wann een eng aner Astellung zu der Corona-Politik huet, wéi deenen 2 Deputéiert hir. Dat ass erlaabt bei eis an der Partei”, sou de Marc Goergen weider.

Datt an enger basisdemokratescher Partei net jiddereen déi selwecht Meenung hätt, wier awer OK a selbstverständlech och akzeptéiert. Beim Sujet zu der Wierksamkeet vum Droe vun enger Mask géint de Coronavirus ass d’Linn vun der Partei awer, datt dës e Schutz géing bidden. Leit, déi net där Meenung sinn, géing ee versichen opzeklären.

Back to Top
CIM LOGO