No Récktrëtt als BuergermeeschteschMarion Zovilé-Braquet demissionéiert och aus dem Conter Gemengerot

RTL Lëtzebuerg
D'Ex-CSV-Buergermeeschtesch vu Conter Marion Zovilé-Braquet huet hire Récktrëtt aus dem Gemengerot ugekënnegt.
© RTL Lëtzebuerg

Am November war si, no méintelaange Reprochë vu Mobbing vum Gemengepersonal, als Buergermeeschtesch zeréckgetrueden. Den Dali Zhu gouf dunn als neie Buergermeeschter vun der DP vereedegt, wärend d’Marion Zovilé-Braquet als Conseillère an de Gemengerot geréckelt war. Zanter 2008 war si an der Conter Gemeng aktiv, dovunner déi lescht 8 Joer un der Spëtzt.

Si gëtt elo no hirem Récktrëtt am Gemengerot ersat vum Nathalie Schlesser-Coutelier.

Liest hei de Pressecommuniqué vun der CSV Conter

Liest dozou och dës Artikelen:

Back to Top
CIM LOGO