SolidaritéitsaktiounMaske bitze fir d’Leit um Terrain

RTL Lëtzebuerg
Maske si jo den Ament immens gefrot a vill Leit hu schonn ugefaangen, der ze bitzen.
Maske bitze fir d’Leit um Terrain
Maske si jo den Ament immens gefrot a vill Leit hu schonn ugefaangen, der ze bitzen.

Och eng a.s.b.l., déi normalerweis fir Prematuréen a Stärekanner kleng Kleeder mécht, huet zanter leschter Woch fir d’Zäit vun der Corona-Kris op Masken ëmgestallt.

Den Ament kënne si déi selwergemaache Kleeder fir Fréigebuerener net an der Maternité ofginn. Also bitzen déi 15 Damme vun der a.s.b.l. Zaubere mat Stoftreschter fir Prematuréen a Stärekanner elo Maske fir exposéiert Leit um Terrain, déi keng Masken hunn. Zum Beispill d’Stëmm vun der Strooss oder d’Fondatioun Autisme.

"Mir bitzen a priori am Moment just fir Leit um Terrain, kruten och schonn e puer Demandë vun a.s.b.l.en, fir déi si mer elo am Gaangen ze bitzen. Mir hunn eis och um Govjobs ugemellt a waarden elo och nach vum Staat op e Feedback, ob a wat se vun eis brauchen.", erkläert d'Cindy Hary.

Gutt 10 Minutte bräicht een, fir eng Mask ze maachen. An de leschten Deeg huet d’a.s.b.l. elo schonn eng 600 Maske gebitzt. Op Virlag vun engem Modell, deen d’Presidentin, eng professionell Néiesch, erausgesicht huet. An eben mat Stoftreschter.

"Dat heescht, dat ass zweelageg fest gewiefte Kotteng, dee mer do huelen an zesummebitzen a wou mer d’Kordelen dru maachen, mat engem Drot iwwer d’Nues, esou dass et gutt fest ass a sech iwwerall ka bündeg un de Mond an un d’Gesiicht upassen.", esou nach d'Cindy Hary.

Wichteg wier et, d’Maske reegelméisseg ze wäschen, mat 90 Grad oder 5 Minutte kache loossen. Kloer ass awer och, déi gebitzte Masken hëllefe schützen, et dierf ee se awer net iwwerschätzen.

"Ech wëll op alle Fall evitéieren, dass dat e falscht Gefill u Sécherheet gëtt. D’Mask evitéiert, dass ech vill erausginn, wann ech néitschen oder schwätzen. Et ass keen absolutte Schutz, de Virus gëtt net opgehalen doduerch.", betount d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Dofir gëllt och mat Mask weiderhin: Hännwäschen an Distanz halen.

Back to Top
CIM LOGO