De Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn e Freideg an der Mëttegstonn iwwert d’Aarbechten aus dem Regierungsrot informéiert. Lëtzebuerg hätt d’Covid-Omikron-Well gutt iwwerstanen, dat mat engem héijen Impftaux a manner schlëmme Verleef, sou datt d’Covid-Restriktioune geschwë méi labber gemaach kënne ginn. Et soll e Stéck “normaalt Liewen a Fräiheet” nees retabléiert ginn. Deemno fält op de meeschte Plaze geschwënn d’Maskeflicht ewech. Dat gëllt fir d’Butteker, d’Aarbecht an d’Schoulen, wou deemno d’Masken net méi mussen ugedoe ginn. De Mond- an Nueseschutz ass just nach obligatoresch an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, grad wéi am ëffentlechen Transport. Ausserdeem gëllt an de Klinicken an Altersstrukture weiderhin de CovidCheck a Form vum 3G. Natierlech ka jiddereen de Mask fräiwëlleg undoen, fir sech virum Coronavirus ze schützen. D’Pandemie ass net eriwwer, et gëtt op Eegeverantwortung gesat. “Et soll kee mengen, et wier näischt méi do”, huet de Xavier Bettel betount.
Den héijen Infektiounstaux géing net méi bedeiten, datt vill Leit am Spidol landen, huet de Xavier Bettel erkläert. Op Basis vun de Prognose kéint een net méi veräntwerten, datt d’Fräiheete weider ageschränkt ginn. De Staatsminister hofft, datt den neie Covid-Gesetzestext dee leschten ass, dee wäert mussen deposéiert ginn.
Trotz deene méi labbere Mesuren ass den Text iwwert d’Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer an déi, déi am Gesondheets- a Fleegesecteur schaffen, an der leschter Ligne droite. D’IGSS an d’Uni schaffen un entspriechende Modellisatiounen. D’Impfflicht wier dem Premier no déi bescht Ofsécherung mat Bléck op eng eventuell Mutatioun am Hierscht. D’Texter géingen nächst Woch deposéiert ginn. Sollt en Expertegrupp hir Meenung iwwert d’Impfflicht, wéi se proposéiert gëtt, änneren, wäert een hiren Avis respektéieren.