
An deem Kader sicht d’Police no Zeien, déi tëscht 19 an 20.30 Auer verdächteg Persounen oder Gefierer am Raum Steesel, Bäreldeng, Walfer a Briddel gesinn hunn. Oder deenen an där Géigend e Gefier, dat mat héijer Vitess op der Flucht war, opgefall ass.
All d’Informatioune si fir d’Beamte vum Service fir Eegentumskriminalitéit um Telefon (+352) 244 60 1010 (wärend de Bürosstonnen) oder per Mail op spj.rgb@police.etat.lu.