De Schäfferot géif maachen, wat e wéilt, a seng Kommunikatioun wär chaotesch, sou déi Lénk, déi net d'Accord si mat engem „Bammassaker am Quartier Wobrécken“, mat engem neie PAP fir d'Neiduerf, mam Projet „Portal Eent“ um Prënzeréng a mat der geplangter Reaffektatioun vum Kino Ariston.



"Et gëtt dat latent Gefill, dass iwwert d'Käpp vun de Leit ewech decidéiert, spréch d'Biergerparticipatioun ëmmer manner gëtt!": Dat sot den Deputéierte Marc Baum um Freideg de Moien, wéi sech déi Escher Lénk kritesch mat Projete vum Schäfferot aus der Minettemetropol auserneegesat hunn. Fir de Gemengerotsmember deet sech sou munches zu Esch, dat dagdeeglecht Handele vum Schäfferot géif thematiséiert ginn.
An den Ae vum Marc Baum mécht de Schäfferot, wat e wëll, woubäi d'Kommunikatioun chaotesch wär. Dat rezentst Beispill wär e "Bammassaker" am Quartier Wobrécken, an deem op 200 Meter laanscht de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte Beem ofgeholzt goufen, wéinst enger Gasleitung. D'Leit do wäre skandaliséiert, och well et keng Informatiounsreunioun am Virfeld gouf.
Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo wëll d'Reprochë vun den Escher Lénken net esou stoeloossen. Wat de Projet Wobrécken ugeet, géif een de Projet net wëllen am Tirang leieloossen. Hei hätt een alles autoriséiert kritt.
Et wier een do komplett an der Legalitéit esou de Georges Mischo. Am Schäfferot géif een d'Decisiounen huelen, déi néideg sinn. Datt déi net jidderengem schmaachen, wier ze verstoen, esou den Escher Buergermeeschter.
Och am Dossier Ariston géif een hannert deem stoen, wat bis elo am Dossier gesot gouf.