Ass am Éislek eng faul?Massive Gestank um Méindeg suergt fir Spekulatiounen

Marc Hoscheid
Wien e Méindeg an Deeler vum Zentrum, mee virun allem am Norde vum Land ënnerwee war, deem kéint et nawell e bëssi an der Nues gekribbelt hunn.

Een onangeneeme Geroch hat sech nämlech vu Réiden bis erop op Maarnech breet gemaach. An dat huet nawell fir eng Partie Spekulatioune gesuergt.

Gestank am Éislék/Reportage Marc Hoscheid

Verschidde Leit hu sech gefillt wéi an engem Feld voller Kabesheeder, anerer wéi an enger Kazentoilette. D’Beschreiwung vum Gestank ass nawell wäit ausernee gaangen. Eng Partie Persounen hu bei RTL nogefrot, ob gewosst wier, wou de Geroch hierkomme géif. Ma et gouf och fläisseg op de sozialen Netzwierker spekuléiert. Dat beispillsweis am Raum Mäerzeg. Nodeems hien zudeem eng Partie Appeller vu besuergte Bierger kritt hat, huet de Buergermeeschter Mike Poiré beim 112 ugeruff, fir nozefroen, wat den Ursprong vum Gestank wier. Dem Gemengepapp no hätt hien do erkläert kritt, et hätt een Asaz bei enger Biogasanlag zu Feelen ginn. Deen hätt awer net laang gedauert an de Problem wier behuewen. Doropshin hat d’Gemeng ee Communiqué op hirem Internetsite publizéiert, an deem et heescht, de Geroch kéim vun enger Biogasanlag an der Ëmgéigend. No Récksprooch, deelt de CGDIS mat, datt keng Gefor besteet.

E puer Bedreiwer vu Biogasanlagen an der Géigend hu sech doropshin un de Pranger gestallt gefillt. De Christian Hahn ass Comitésmember vun der Réidener Biogasanlag. Hien erkläert, firwat een Incident an esou enger Anlag keng esou eng grouss Envergure kéint hunn:

“Wann et eng Gasfuite ass, ass et ee Gas, deen éischter an d’Luucht fort geet. Wann et eng Gerochsbelästegung ass duerch ee Produkt, dat ragehäit gëtt, als Beispill, do gëtt Mëscht getippt. Dat kënnt vläicht jiddereen, dat ass sou wéi am Duerf, wann de Bauer frësch mëscht, dann huet een deen Dag eng Kéier eng Gerochsbelästegung an zwee, dräi Deeg drop ass se am Fong net méi. An déi richt ee jo u sech och net am Duerf niewendrun, well d’Mass einfach méi kleng ass.”

De Geroch, eben eng Mëschung aus Kabes a Kazepiss, géing op eng aner Quell hindeiten.

“Aus Erfarung soe mer alt ëmmer, fréier war dat méi dacks, datt dat a sech an der Belsch do déi Pabeierfabréck war, déi awer éischter méi ee bäissende Geroch huet.”

An effektiv, op Nofro bei der Pabeierfabréck, déi südwestlech vu Virton läit, heescht et, datt et e Méindeg en Incident gouf, deen derzou gefouert kéint hunn, datt et a groussen Deeler vum Éislek nawell manner gutt geroch huet.

Opgrond vum Artikel hunn d’Bedreiwer vun der Feelener Biogasanlag RTL kontaktéiert. Si wéilte kloerstellen, datt si net beim CGDIS ugeruff hätten an et och keen Tëschefall op hirer Anlag gouf. Eng Persoun aus dem Duerf hätt de CGDIS geruff, well et no Gas riche géif. Doropshi wier zwar wuel eng Ekipp laanscht kucke komm, déi hätt awer direkt festgestallt, datt et net no Gas riche géif, wier kuerz an de Stall kucke gaangen, hätt keng Miessunge virgeholl a wier no ronn enger Minutt rëm fortgefuer. Esouwuel de Mäerzeger Buergermeeschter Mike Poiré wéi och de CGDIS soen, datt et bei der Biogasanlag vu Feelen zu engem Asaz komm ass. Wärend de Mike Poiré behaapt, him wier vum CGDIS op Nofro hi matgedeelt ginn, de Gestank an der Géigend wier op ee Problem bei der Anlag zeréckzeféieren, weist een dat beim CGDIS zeréck. Et hätt ee just op Nofro vum Buergermeeschter hi matgedeelt, datt een op een Asaz bei der Biogasanlag zu Feelen geruff gi wier, awer no kuerzer Zäit festgestallt hätt, datt kee Problem virleie géing.

De Generaldirekter vum CGDIS reagéiert op Facebook

Back to Top
CIM LOGO