Bei der DP wier ee gutt opgestallt. Et hätt een déi historesch héchste Mobiliséierung als Partei, seet d’Generalsekretärin Carole Hartmann. 100 Persoune méi, wéi nach bei de Gemengewalen 2017. Am ganzen hätt ee 679 Kandidaten a 47 Lëschten an de Proporzgemengen.
Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidate läit bei 46,8 Joer. Dobäi ass ee Véierels vun de Kandidaten ënner 36 Joer. Den Taux vun de Frae läit bei 37,1 Prozent.
“Mir wëlle weider Verantwortung an de Gemengen iwwerhuelen”, sot d’Carole Hartmann. Wéi si d’Leit wëllen iwwerzeegen, d’DP oder DP-Kandidaten ze wielen, hu si an hirem Kaderwalprogramm festgehalen.
Dëse gouf a véier Pilieren ënnerdeelt. Woubäi duerch den éischten d’Zesummeliewe vun de Generatioune soll gefuerdert ginn. Hei wëllt een dofir suergen, dass Betreiungsstrukture bannt de Betriber méi villfälteg ginn. Eeler Leit solle selbstbestëmmt kënne liewen, a Jugendlecher Fräiraim a Fräizäitméiglechkeeten hunn.
Als zweet wëllt een dann d’Gemeinschaftsinfrastrukturen sou gestalten, dass et aluedend Plaze ginn, wéi Duerfcaféen, déi zum Beispill vu Veräiner gefouert ginn. Zesumme mam Privatsecteur wëll ee bezuelbare Wunnraum schafen, an alternativ Projete wéi Baugenossenschaften an Tiny Houses fërderen. Och den ëffentlechen Transport, d’Elektromobilitéit, Shared-Spacen a Vëlosweeër sollen ausgebaut ginn.
E Punkt mécht dann och d’Energie- a Klimapolitik aus. E mëttelfristegt Zil wier et, d’Gemenge klimaneutral ze maachen, huet d’Generalsekretärin ënnerstrach. Erneierbar Energië sollen ausgebaut ginn, a Gemengegebaier energeetesch sanéiert, an och de sougenannte Greening vun ëffentleche Plazen a Gebaier soll virugedriwwe ginn.
Leschte vun de véier Pilieren ass dann, dass soll den Eenzelhandel ausgebaut ginn, an et solle Gemenge vun de kuerze Weeër entstoen. Dozou géing zielen, dass e Postbüro, eng Epicerie asw. an der Gemeng wier. Wann dat net méiglech ass, misst eng mobil Offer geschaaft ginn. Och regional sollen Aarbechtsplaze kreéiert ginn, an dezentral Co-Working-Plazen.
Et wier ee sech awer och bewosst, dass net all Gemengen t’selwecht sinn, woufir d’Sektiounen hir Walprogrammer nach eng Kéier un hier spezifesch lokal Besoinen ugepasst hunn.
168 Kandidate sinn am Alter vun der Jugendpartei vun der DP, der JDL. Dës hätten um Ausschaffe vum Kaderprogramm hiren Input besonnesch bei de Sujete Logement, Mobilitéit a Klimaschutz ginn, huet de President vun der JDL, de Michael Agostini, ënnerstrach.