Héich KonstruktiounspräisserMat Re- an Upcycling Enkpäss vu Baumaterialien entgéintwierken

Roy Grotz
Net nëmmen d'Logementspräisser ginn am Land duerch de Plaffong, och d'Konstruktiounspräisser ginn zolidd erop.
Symbolbild
Symbolbild
© AFP/Archiv/Christof STACHE

Iwwert ee Joer ass deen Index dem Statec no ëm bal 10% eropgaangen. Dat bedéngt duerch d’Baumaterial, dat stramm méi deier gouf an duerch Liwwerenkpäss. Sou sinn zum Beispill d’Präisser fir d’Transporter vu Schëffscontainere massiv geklommen. Do derbäi kommen dann nach déi héich Energiepräisser an d’Onsécherheeten am Bausecteur duerch de Krich an der Ukrain mat all senge Repercussiounen.

Fir verschiddenen Enkpäss um Bau entgéintzewierken, ginn et Projete vun Re- an Upcycling, wann Haiser ofgerappt ginn a nach Material ka weiderverwäert ginn; e weidere Projet ass dee vum Recyclage vum Zement a vu Fënsteren. Sou schreiwen et d’Ministeren Dieschbourg a Fayot.

Och Bauholz ass rar. D’gréng Deputéiert Semiray Ahmedova wollt an enger parlamentarescher Fro wëssen, wat mat de Beem geschitt, déi musse wéinst Schied duerch de Borkenkäfer gehae ginn. Effektiv ka mat deem Holz nach gebaut ginn.

Iwwerdeem gëtt ëmmer méi Holz duerch de Borkenkäfer zerstéiert: bannent de leschte 4 Joer huet sech dës Zuel vun Holz an de Staatsbëscher versechsfacht. Zejoert goufe bal 28.000 Meterkibb Holz gehaen, well an de Beem de Borkenkäfer dra war.

PDF: Äntwert vum Taina Bofferding op parl. Fro vum Jean-Marie Halsdorf

Back to Top
CIM LOGO