Enn der 80er Joren hat déi deemoleg Regierung Santer-Poos d'Initiative, déi ugangs e wéineg belächelt ginn ass, geholl. Antëscht huet de Roude Léiw seng Plaz op de Weltmierer awer fonnt.
Wann de Secteur vun den Handelsschëffer houscht, dann ziddert d'Weltwirtschaft. E Saz, deen dëst Fréijoer u Bedeitung gewonnen huet. Wéi d'Ever Given' wärend 6 Deeg de Suez-Kanal blockéiert huet. Net grad 90 % vun de Wuere gi mam Schëff iwwer d'Weltmierer transportéiert. Orchestréiert gëtt dat Ganzt vun der 'Organisation Maritime Internationale'. An där och Lëtzebuerg ee vun den 174 Memberstaaten ass. Eng Organisatioun, bei där iwwregens d'Lëtzebuerger Stëmm dat selwecht Gewiicht huet wéi déi vu China oder Brasilien.
"Mir brauchen ons net ze schummen, mat deem, wat geschitt. Déi Leit, déi am Secteur Bescheed wëssen, déi verstinn och, wat mer maachen. An do hu mer och absolut kee Problem", sou den zoustännege Regierungskommissär Robert Biver.
Haut sinn 216 Aarbechts- an Handelsschëffer ënner Lëtzebuerger Pavillon op de Weltmierer ënnerwee, op deenen et 300 direkt Aarbechtsplaze ginn an nach emol eng 2.000-3.000 där indirekter. E grousst Gewiicht gëtt op ënner anerem dräi Wäerter geluecht: D'Sécherheet, dat Soziaalt an op d'Ëmwelt.
"Am Gesetz ass virgesinn, datt kee Schëff kann ugemellt ginn, wat méi al ass wéi 15 Joer. Dat heescht, mir hunn an Europa eng vun de jéngste Flotten. Dann ass och op politeschem Niveau decidéiert ginn, zum Beispill keng Tankeren. Dat ass haaptsächlech no de groussen Accidenter komm, vun Erika a Prestige. Do ass gesot ginn, dat gëtt ganz schlëmm, wann eng Kéier esou eppes ënner Lëtzebuerger Pavillon géing geschéien." sou de Rober Biver.
Innovatioun an Nohaltegkeet sinn aus Lëtzebuerger Siicht d'Stéchwierder, wat d'Zukunft ubelaangt. Bei der OMI gehéiert onst Land och zu deene Member-Staaten, déi déi ambitiéist Projeten drécken, déi proposéiert ginn. Ma Schëffer hätten eng laang Liewensdauer. Alt bis zu 40 Joer. "Do brauch een e wéineg Gedold ", sou de Robert Biver.
"Elo mam Covid sinn eng ganz Rei al Schëffer verschrott ginn. Et si vill Reedereien, déi elo profitéiert hunn, fir doudegt Kapital ofzestoussen. Fir d'Sue fir de Stol ze kréien. Dat heescht: automatesch huet elo d'Technologie op de Schëffer e Boost no uewe gemaach. Ech kommen nach emol op den Alter vun de Schëffer zeréck. Mir hunn eng vun de jéngste Flotten. Dat heescht, déi Motoren op deene Schëffer, déi si schonn eng bis zwou Generatioune méi wäit wéi dat, wat op anere Schëffer leeft. Also do kann ee scho soen, datt mer net onbedéngt brauchen e schlecht Gefill ze hunn", sou de Regierungskommissär weider.
Als klengt Land ass et och einfach, de Reedereien entgéingt ze kommen, fir datt béid Säiten um Enn zu hirem kommen.
"Mir hunn keng Taxen op d'Tonn, wou d'Reederei op d'Gréisst vu senge Schëffer besteiert gëtt. Bei eis gëtt op de Benefice besteiert. An et ginn déi selwecht Outilen, wéi aner Firmaen zu Lëtzebuerg hunn, fir d'Steierlaascht eventuell ze drécken. Iwwer Crédit à l'Investissement."
No 14 Joer un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Pavillon geet de Robert Biver, wéi e selwer seet, op enger"positiver Nott" a Pensioun.