E geopolitesch schwieregt Ëmfeld, Inflatioun an déi domadder verbonnen Hausse vun den Zënsen: Eng Realitéit déi och net laanscht d’Finanzplaz Lëtzebuerg gaangen ass. Den Ament hu mer 121 Banken hei am Land. Do schaffe 26.000 Leit, 14% si Lëtzebuerger. Et ass fir de Secteur eng Zäit mat villen Erausfuerderungen, heescht et bei der ABBL, dem Daachverband vum Bankeberäich zu Lëtzebuerg.
D’Nettoresultat, no Steieren an héije Provisiounen, louch global bei 4,1 Milliarden Euro, bei enger Bilanszomm vun zesummen 938 Milliarden.
D’Banke bezuele 14% vum Staat senge Steierrecetten.
Zënter dem Ufank vum Joer gëtt et eng Baisse a Saache Kreditter, esouwuel bei de Stéit wéi och bei de Betriber.
An domadder wiere mir beim Sujet méi héich Zënsen an europäesch Zentralbank.
De Guy Hoffmann, President vun der ABBL mengt et misst een elo domadder rechnen, "..dass mindestens zwou bis dräi Augmentatiounen am Laf vun dësem Joer kommen. Do ginn d’Meenungen nach relativ wäit auserneen, mä zweemool 0,25 (Prozentpunkt) oder 3 mol 0,25% ass net ausgeschloss”.
Domadder wäerten d’Stéit an d’Betriber kuerzfristeg weider hesitéieren.
Fir den ABBL-Direkter Jerry Grbic ass et a Saache Logement an Investitiounen awer mëttelfristeg dës Situatioun.
“Natierlech si Leit an eng Situatioun elo komm wou d’Zënse staark eropginn, déi hire Bien musse verkafen. Mir gesinn ee Ralentissement um Marché vun der Demande, mä elo vun enger Krise ze schwätzen ass vläicht nach e bësse fréi. Wann een elo gesäit dass d’Inflatioun ënner Kontroll kënnt an d’Zënsen net méi weider steigen, dass d’Leit gesinn, mir sinn op engem Niveau méi oder wéineger stabel, dat gëtt méi Sécherheet fir hir Zukunft ze plangen, an da kommen déi Leit och zréck op de Marché”Wéinst de méi héijen Zënse ginn dann den Ament d’Dépots à terme an d’Luucht.
Fir d’ABBL ass 2023 ee kruziaalt Joer, schonn eleng wéinst de Walen.
Am Virfeld plädéiert ee fir eng flexibel Aarbechtszäit a manner fir ee Verkierzen. Eng aner Doleance viséiert d’Fiskalitéit, déi ee gären um Niveau vun der europäescher Moyenne gesäit. Eng Erausfuerderung bleift de Rekrutement.