DPD zu BeetebuergMataarbechter solle Päck geklaut hunn, Ermëttlunge lafen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Logistikfirma DPD zu Beetebuerg solle Mataarbechter systematesch Päck geklaut hunn.
© Domingos Oliveira / RTL

Dat mellt den Essentiel e Freideg de Moien. D'Zeitung krut och vum Parquet confirméiert, datt et Ermëttlungen an deem Sënn gëtt.

De Schued gëtt op 650.000 bis 1 Millioun Euro geschat.

Magasinieren hätte wärend Méint ënner anerem elektronesch Apparater geklaut an hätte mat enger Rei Tricke geschafft.

6 Leit wiere schonn am Oktober verhaft ginn, heescht et weider. Betraff si Clienten aus dem Grand-Duché an aus der belscher Province de Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO