Hëllef fir d'UkrainMaterial fir Satellittekommunikatioun hänkt nach ëmmer u polnescher Grenz fest

Claudia Kollwelter
De Satellit vun emergency.lu sollt hëllefen, d'Kommunikatioun nees hierzestellen, ma well d'humanitär Couloiren nach net op sinn, kënnt een net virun.

D’Kommunikatioun a Krisegebidder erëm séier hierzestellen - dat ass d’Zil vun emergency.lu. D’Kommunikatiounsplattform, déi vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Aktioun vum Ausseministère geleet gëtt, soll och mat engem Satellit an der Ukrain an den Asaz kommen. Bis ewell war dat awer nach net méiglech.

Emergency.lu an der Ukrain - Reportage Claudia Kollwelter

De 15. Mäerz gouf d’Material vun emergency.lu an 2 Mataarbechter op d’polnesch Grenz geschéckt, nodeems eng Demande vum ETC, dem Emergency Telecommunications Cluster koum, fir eigentlech an der Ukrain e lokaalt Kommunikatiounsnetzwierk opzebauen, wat den humanitären Acteuren zur Verfügung gestallt soll ginn. An der Reegel geschitt dat bannent 24 Stonnen. Ma bis elo konnt d’Missioun net erfëllt ginn, wéi den Manuel Tonnar vun der Direktioun fir Kooperatioun an humanitär Hëllef erkläert.

Manuel Tonnar: D’Iddi war, an der Ukrain en humanitären Hub opzebauen. Dofir si mer elo no bei der Grenz, mä a Polen, wou mer et prepositionéiert hunn.

De Moment ass de Satellit net a Betrib, mä prett, fir eriwwer an d’Ukrain transportéiert ze ginn, soubal eng Fënster opgeet.

Manuel Tonnar: Dat ass eben dat dramatescht. Mir hate gehofft, datt déi humanitär Couloire géifen opgoen an da wier en elo schonn am Asaz. Et war net geplangt, datt e sou laang a Polen misst stoe bleiwen.

D’Couloire missten natierlech opgoen, an et géif och vun alle Säiten Drock gemaach ginn, fir datt dat geschitt, bis elo allerdéngs ouni Resultat.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO