Dëst ass den Ament bei der "Stëmm vun der Strooss" méiglech, wann och a reduzéiertem Mooss. Maximal 15 Leit däerfe gläichzäiteg erakommen an och net méi laang ewéi eng 1/2 Stonn bleiwen. Virun der Kris koumen eng 300 Mënschen den Dag bei d'Stëmm. Elo ass et d'Hallschent. Déi, déi kommen, sinn awer frou, dës Méiglechkeet gebueden ze kréien.
Iwwer de Virus maachen dës Leit sech déi mannste Gedanken. Si hu méi existenziell Suergen.
Zum Beispill d'Tanja. Si hëlleft bei der Zeitung vun der "Stëmm". Déi elengerzéiend Mamm vun engem Meedche lieft vum REVIS, also dem fréiere RMG. Dëst sinn netto 1600 Euro/Mount. Zanter Ugangs Januar gouf dësen ëm 2,8 Prozent gehéicht.
D'Wanteraktioun, déi nach bis den 31.Mäerz um Findel organiséiert gëtt, ass eng grouss Entlaaschtung fir d'Ekipp vun der "Stëmm vun der Strooss".
Wéinst der Pandemie kënne manner Benevoller aktuell bei der Stemm aushëllefen.
