Allergen net um EtikettMayonnaise "Light" vu Devos & Lemmens gëtt zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Liewensmëttelsécherheet e Freideg den Owend mellt, gëtt d'"Mayonnaise Light (-80%)" vun der Mark "Devos & Lemmens" zeréckgeruff.
Réckruff vum Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire.
Réckruff vum Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire.

Den Etikett vun der Mayonnaise warnt net virun dem Allergen “Mëllech”, deen am Produit dran ass. Leit, déi net allergesch op Mëllech sinn, si vum Réckruff net betraff. Si kënnen d’Mayonnaise ouni Gefor iessen.

Betraff ass d’Dëppche vu 450 ml mam Halbarkeetsdatum vum 10/11/2022 an der Lot Nummer 2203902401. Gemellt gouf de Réckruff vum Supermarché Cora.

Back to Top
CIM LOGO