Oppene Bréif un d'Deputéiert"Mécht den Educatiounsminister de Geck mat eis?"

RTL Lëtzebuerg
Sou ass en oppene Bréif un d'Deputéiert vun de 5 Syndikater an Associatiounen aus dem psycho-sozialen Enseignementsberäich iwwerschriwwen.
© Didier Weber

Hannergrond ass eng geplangte Reunioun tëscht hinnen an dem Claude Meisch e Méindeg, déi kuerzfristeg verluecht gouf. De Minister géif ëmmer nees mat faulen Argumenter evitéieren, fir d’Personal-Vetrieder ze gesinn.

Et géif een einfach virun ee Fait accompli gestallt ginn. Op Käschte vun der Qualitéit vum Unterrecht an der prise en charge vu Schüler mat spezifesche Besoinen. Wann de Minister esou weider géif maachen, da misst d’Fro erlaabt sinn, wéi laang hien nach als Minister ze droe wier.

PDF: Oppene Bréif un d'Deputéiert vun SPEBS/CGFP, SLEG/CGFP, ALEE/CGFP, APPSAS, APCCA/SEW/OGBL

Back to Top
CIM LOGO