Glyphosat däerf zu Lëtzebuerg nees agesat ginn. Dat no der Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz, datt d’Verbuet zu Lëtzebuerg net rechtméisseg ass.
Et wier e Signal un d’Politik, betount de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester. Et géing weisen, datt dës net kéint esou mat den Zouloossunge vu Sprëtzmëttel hin an hier sprangen. Hie géing et aus Siicht vun der Landwirtschaft begréissen, wann een och an Zukunft kéint op Planzeschutzmëttel mam Wierkstoff Glyphosat zréckgräifen.
D’Presidentin vum Mouvement écologique, d’Blanche Weber, mengt awer, déi lescht Joren hätte jo gewisen, datt et ouni Glyphosat géing goen. Dofir misst een op dësem Wee weiderfueren a sech méi staark géint den Asaz vu Pestiziden am Allgemengen asetzen. D’Biobauere missten also méi konsequent vum Staat ënnerstëtzt a berode ginn. Déi gesamt Bevëlkerung wier vu Pestizide belaascht an negativ Konsequenzen op d’Natur an d’Gesondheet wieren nogewisen.
Greenpeace Lëtzebuerg appelléiert iwwerdeems un déi Lëtzebuerger Regierung, all juristesch Méiglechkeeten ze notzen, fir datt Glyphosat hei am Land weider verbuede bleift. Dem Direkter Raymond Aendekerk no wier d’Neibewäertung vun den Auswierkunge vum Glyphosat nach net ofgeschloss. Dofir misst de Prinzip vun der Virsuerg gëllen a Glyphosat weider verbuede bleiwen. Et dierft ee Mënsch an Ëmwelt kenger Gefor aussetzen, déi vermeidbar wier.
Och aus der Politik gëtt et Reaktiounen. Déi Lénk bezeechnen d’Urteel an engem Communiqué als Néierlag fir d’Biodiversitéit an d’Regierung. Duerch déi feelend Begrënnung hätt de Betrib, dee Plainte géint d’Verbuet agereecht huet, liicht Spill gehat. D’Regierung sollt sech op EU-Niveau weider fir ee Verbuet vu Glyphosat asetzen a gläichzäiteg ee waasserdichten Text op nationalem Niveau ausschaffen.
Lëtzebuerger Verbuet vu Planzeschutzmëttel Glyphosat net rechtméisseg