No Klo vu BayerLëtzebuerger Verbuet vu Planzeschutzmëttel Glyphosat net rechtméisseg

RTL Lëtzebuerg
D'Cour administrative confirméiert an zweeter Instanz d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht vum Juli zejoert zum Lëtzebuerger Verbuet vu Glyphosat.
© afp

Zënter dem éischte Januar 2021 ass de Pestizid verbueden. De Grand-Duché hat déi Decisioun am Alleingang geholl a war dat éischt EU-Land, dat op dee Wee goung.
De Produzent vu RoundUp Bayer hat Lëtzebuerg doropshi verklot. D’Firma hat argumentéiert, datt Lëtzebuerg géint EU-Recht verstéisst.

De Landwirtschaftsminister hëlt d’Urteel zur Kenntnis a wëll zäitno eng Decisioun huelen, heescht et an engem Communiqué. No der éischter Instanz war festgehale ginn, d’Verbuet vum Planzeschutzmëttel oprecht z’erhalen.

D’Schreiwes vum Landwirtschaftsministère zu der Decisioun vun der Cours administrative.

Back to Top
CIM LOGO