Wann d’ADR e Sëtz bei den Europawale kréich, hätt d’Lëtzebuerger Partei et an der EKR-Fraktioun (der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer) mat ganz gelungene Leit ze dinn. Post-Faschisten à la Meloni aus Italien, Orban aus Ungarn oder mat de polnesche Gebridder Kaczynski. Um ekonomesche Plang géingen et mat deene manner Schwieregkeeten ginn, mee um soziale Plang wier virop de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet ee Sträitpunkt. Dat sot den EU-Deputéierte vun der DP, de Charles Goerens e Méindeg de Moien op eiser Antenn am Face-à-Face mam ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. D’ADR wier eng aner Stëmm, widdersprécht hire Spëtzekandidat. Bis ewell hu mer 4 Lëtzebuerger Parteien am Europaparlament, déi awer déi selwecht Politik maachen. Eis geet et drëms, fir Lëtzebuerger Interessen an Europa ze vertriede mat enger anerer Stëmm, sou de Fernand Kartheiser.
Wat d’Valeuren ugeet, gëtt et bei béide Politiker Divergenzen. Fir de Charles Goerens a seng Fraktioun stéing de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet ganz uewen. Grad esou wéi fir déi 4 Lëtzebuerger Parteien (CSV, LSAP, DP an déi Gréng) déi aktuell schonn op europäeschem Niveau Lëtzebuerg vertrieden. Déi Fraktioun, an déi eng ADR géing kommen, géing dat allerdéngs a Gefor bréngen, mengt de Charles Goerens. De Fernand Kartheiser kontert, dass et grad déi 4 Parteie waren, déi dës Valeuren a Gefor bruecht hunn. Ënner anerem de Verbuet vum Verbrennungsmotor an notamment wat d’Meenungsfräiheet ugeet. Als Beispill huet hien den Digital Services Act genannt. Och wann hie sech averstane gewisen huet, dass an der virtueller Welt net alles kann erlaabt sinn, empfënnt de Fernand Kartheiser den Digital Services Act als Zensur, well net méi alles online ka gedeelt ginn. De Charles Goerens seet, hie wier houfereg drop, dass hien den Digital Services Act matgestëmmt hätt. Et wier den éischte Versuch weltwäit gewiescht, fir ze kucken, dass een “net egal wat fir eng Sauerei” op de Plattforme kann zirkuléiere loossen.
Och d’Migratioun war e Sujet. De Charles Goerens kritiséiert, dass Memberen aus der EKR-Fraktioun (wou eng ADR géing drakommen, wa se géif gewielt ginn) carrement vu “Re-Migratioun” geschwat hunn. Eleng an Däitschland missten dann 30 Millioune Leit fortgeschéckt ginn. De Fernand Kartheiser kontert, dass et net géing drëm goen, eng AfD un d’Mauer ze molen. Zanter 2015 hätt ee vill Migratioun – och aus ekonomesche Grënn - an dat kéint een an der EU net méi packen. Am Respekt vun der Dignitéit wéilt een en effikasse System fannen, fir déi Migratioun z’ënnerbannen.
Prinzip vun der Eestëmmegkeet (oder d’Veto-Recht)
D’Fro, ob de Prinzip vun der Eestëmmegkeet soll bäibehale gi grad a Steierfroen, war och e Sujet an eisem Face-à-Face. A verschiddene Beräicher vun der EU-Politik ass et esou, dass et d’Reegel vun der Unanimitéit gëtt. Dat heescht all Staat huet e Veto-Recht. De Charles Goerens fuerdert, dass dëst zum Deel misst opgehuewe ginn, well vill Entscheedungen doduerch blockéiert géinge ginn an d’EU net géing virukommen. Dëst Veto-Recht wier keen “Allheilmëttel”. Et misst ergänzt ginn duerch aner Mesuren. Dem Charles Goerens seng Partei, d’DP, ass allerdéngs anerer Meenung an huet leschten Donneschdeg an der Chamber eng Motioun vun der ADR matgestëmmt, déi fuerdert dass d’Eestëmmegkeet als Prinzip bestoe bleift.
De Fernand Kartheiser gëtt deementspriechend dem Ausseminister Xavier Bettel Recht, deen an eiser Emissioun Background sot, dass eng Dampwalz op d’Lëtzebuerger Finanzplaz géing rullen. Et géing net drëm goen, Europa ze blockéieren, mee “och mir wëllen Europa weiderbauen, och mir hätte gäre Bannemaart, och mir hätte gäre Financial Services, Investment Acts an esou weider, déi Europa weltwäit gutt positionéieren, awer mir ginn d’Lëtzebuerger Interessen an deem net op.”