Gesetzesprojeten guttgeheeschtMéi Ënnerstëtzung fir Betriber, déi ënnert dem Ukrain-Krich leiden

Fanny Kinsch
Just déi Lénk hu sech bei béide Gesetzer enthalen, et géinge keng Garantië fir d'Erhale vun Aarbechtsplaze ginn.
© RTL Archiv

An der Chamber goufen en Dënschdeg de Mëtte mat breeder Majoritéit 2 Gesetzesprojet gutt geheescht, déi engem weideren Deel vum Accord tëschent Regierung, Patronat an 2 Gewerkschaften an der Tripartite Rechnung droen. Et geet ëm d’Ënnerstëtzung fir d’Betriber, déi d’Konsequenze vum Krich an de Wirtschaftssanktioune géint Russland besonnesch ze spiere kréien.

Engersäits gëtt de Regime fir eng staatlech Garantie bei Prêten, dee wärend der Pandemie op d’Bee gestallt gouf, nees aktivéiert. Anerersäits ginn och spezifesch Hëllefen agefouert fir déi Betriber, déi besonnesch mat der Hausse vun den Energiepräisser ze kämpfen hunn. Concernéiert sinn hei Entreprise bei deenen d’Energiekäschte méi wéi 3 Prozent vum Ëmsaz ausmaachen.

Just déi Lénk hu sech bei béide Gesetzer enthalen, et géinge keng Garantië fir d’Erhale vun Aarbechtsplaze ginn. D’ADR huet fir d’Hëllefe gestëmmt, awer d’Wirtschaftssanktioune géint Russland a Fro gestallt.

Back to Top
CIM LOGO