Permanente BeschäftegungscomitéMéi flexibel Aarbechtszäite kommen, nëmmen awer mat Kollektivverträg

François Aulner
Nei flexibel Aarbechtszäiten oder Aarbechtszäiten, déi un déi nei Realitéiten ugepasst sinn, wäerte mussen iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn. Dat soll d'Basis si fir en Text, dee Mëtt Oktober nach eng Kéier mat de Sozialpartner diskutéiert soll ginn, esou den Aarbechtsminister Marc Spautz e Mëttwoch de Moien no enger Reunioun vum permanente Beschäftegungscomité.
Am Aarbechtsministère war et e Mëttwoch de Moien eng Reunioun vum CPTE.
© Domingos Oliveira

De Sozialdialog funktionéiert rëm zanter der Tripartite vu Juni. Méi oder manner.

No annerhallwer Stonn Reunioun am Aarbechtsministère um Rousegäertchen an der Stad hunn d'Patronat an d'Gewerkschaften ons awer rëm Divergenze matgedeelt. D'OGBL-Presidentin Nora Back sot, et wier ee sech eens gi fir Ouverturë fir aner Aarbechtszäiten ze maachen, mee si huet insistéiert: dat soll nëmmen iwwert e Kollektivvertrag kënne goen. "Verschidden Dispositiounen zu den Aarbechtszäite" kéint een negociéieren, esou d'Nora Back, déi als Beispill 4-Deeg-Woche mat 10 Stonnen den Dag genannt huet.

Et gëtt e Betrib mat 6 Leit, dee schonn e Kollektivvertrag huet

De Michel Reckinger, deen nach bis den nächste Mount President vun der Unioun vun den Entreprisen ass, wënscht sech nach ëmmer, datt d'Aarbechtsrecht klenge Betriber mat manner ewéi 30 Salariéeë méi flexibel Aarbechtszäiten ouni Kollektivvertrag erméigleche soll. Hien huet en anert Beispill genannt: en elengerzéiende Salarié deen eng Woch, wou en d'Kand huet wéilt manner schaffen an d'Woch, wou en d'Kand net huet, mat méi Aarbecht kompenséieren. "Alleguer déi, déi dat haut maachen, sinn am Prinzip illegal, obwuel se dat dacks mat hirem Patron ausmaachen", esou de Michel Reckinger.

Den Aarbechtsminister Marc Spautz bleift awer op deem Punkt op der Säit vun de Gewerkschaften. D'Kollektivverträg als Basis ze huele fir iwwer d'Aarbechtsrecht eraus d'Aarbechtszäit ze flexibiliséieren, géing och a sengen Aen zu méi Kollektivverträg féieren. Pech fir elengerzéiend Salariéen, déi kee Kollektivvertrag hunn? De Marc Spautz huet op Betriber mat 6 Leit higewisen, déi e Kollektivvertrag hunn an op familljepolitesch Mesuren, déi et Salariéen, déi Contrainten hunn, erméigleche géingen, sech professionell anescht z'organiséieren.

D'Rentrée am Sozialdialog ass also agelaut an d'Fächer bleiwen déi selwecht, ewéi virun der Vakanz. Nieft der Aarbechtsorganisatioun sinn den Aarbechtsminister an d'Sozialpartner mam Plan de Maintien dans l'emploi an der Plattform Economie beschäftegt. De Finanzminister an d'Sozialministesch, déi mussen nach d'Ëmsetze vun der Hausse vum Mindestloun, déi op der Tripartite am Juni decidéiert gi war, respektiv d'entspriechend Kompensatioune fir d'Betriber a Stee meesselen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO