RTL-Nouvelle confirméiertAm CPTE gouf sech op en nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg gëeenegt

Roy Grotz
E Mëttwoch de Moien hu Vertrieder vu Regierung, Patronat a Gewerkschaften eng Léisung fonnt, wat d'Verhandele vu Kollektivverträg ugeet.
Foto vun Ufank Juli: Am Comité Permanent du Travail et de l’Emploi sëtzen d'Patronat, d'Gewerkschaften an den Aarbechtsministère beineen.
© Céline Eischen

Lues a lues schéngt de Sozialdialog zu dräi nees ze funktionéieren: nodeem d'Aarbechtszäitorganisatioun am Hierscht 2024 de Sozialkonflikt tëscht de Gewerkschaften an der Regierung ausgeléist hat, konnt an der Reunioun e Mëttwoch de Moien am stännege Beschäftegungskommitee enfin eng Léisung fonnt ginn, wat d'Verhandele vu Kollektivverträg ugeet.

Esou konnte sech d'Vertrieder vu Regierung, Patronat a Gewerkschaften op en nationalen Aktiounsplang en faveur vu Kollektivverträg eenegen. Dës RTL-Nouvelle krute mer vun den eenzele Verhandlungspartner confirméiert.

Deemno soll jo der EU-Mindestloundirektiv no den Taux vu Kollektivverträg eropgesat ginn, sou datt 80% vun allen Salariéeë vun esou engem Accord ofgeséchert sinn, amplaz nëmmen aktuell 55%.

Domat kënnt e Konflikt op en Enn, deen Ugangs Oktober 2024 ugefaangen hat, wou et Enn Juni zejoert zur grousser Gewerkschaftsmanif komm war a sechs Méint drop de Georges Mischo als Aarbechtsminister demissionéiert hat.

An enger Consultatiounsdebatt an der Chamber d'lescht Woch hate sech all Fraktiounen derfir ausgeschwat, datt méi flexibel Aarbechtszäiten an Aarbechtsmodeller misste via Kollektivverträg gereegelt ginn an net via Gesetzer.

No der Rentrée ass iwwerdeem eng nächst Reunioun vum Nationale Beschäftegungskommitee (CPTE) ugesat, wou da sollen Texter iwwert d'Plattformaarbecht an d'Egalitéit vun de Salairen tëscht Fraen a Männer diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO