Schnelltester, och a Form vu Selbsttester, solle jo Deel vun der neier Covid-Teststrategie ginn. Iwwerdeems d’Regierung nach am gaangen ass, iwwer de Staatslabo ze préiwen, wéi eng Selbsttester fiabel sinn, kritt een der schonn an den Apdikten ze kafen. An um Internet souwisou.
Wéi einfach si se ze benotzen? Wat soe se aus? Mir hunn de Selbsttest vum Schnelltest gemaach an dobäi ënner anerem eng Formatioun entdeckt fir ze léieren, wéi ee Schnelltester richteg mécht.
