
Hu mer dee Problem och zu Lëtzebuerg? Dat wollten d’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum vun de Ministere Paulette Lenert a Claude Haagen wëssen. Zejoert krute 7.290 Persounen hei am Land Medikamenter fir Diabetes Typ 1 verschriwwen an iwwer 41.000 fir den Typ 2.
D’Medikament Ozempic gëtt Leit mat Diabetes verschriwwen an och vun der Krankeversécherung zu 100 Prozent rembourséiert. Dat selwecht Medikament existéiert och ënnert dem Numm Saxenda a gëtt benotzt, fir ofzehuelen. Allerdéngs ginn d’Käschte fir Saxenda net vun der CNS iwwerholl.
Ozempic ass net zougelooss, fir ofzehuelen. Deemno dierfen Dokteren d’Medikament ënnert deem Numm och net fir deen Zweck verschreiwen. Am anere Fall, wiere si am Feeler.
Den Ozempic, dat Medikament, dat och fir ofzehuele benotzt gëtt, gëtt nëmme vun der Krankeversécherung rembourséiert, wann Diabetes behandelt gëtt.
D’Gesondheetsdirektioun huet awer effektiv festgestallt, datt d’Demande no Ozempic a leschter Zäit an d’Luucht gaangen ass, warscheinlech duerch déi sougenannt “Off-label"-Ordonnancë fir ofzehuelen. Dat suergt fir Liwwerenkpäss an Europa.
Am Oktober d’lescht Joer huet d’Gesondheetsdirektioun och eng Circulaire un all Dokteren an Apdikter eraus ginn, datt Ozempic soll prioritär géint Diabetes verschriwwe ginn, esou datt Leit, déi d’Medikament brauchen, keng Problemer hunn, et ze kréien.