"Your Future starts here"Méi international Talenter fir de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché motivéieren

Chris Meisch
Ob Gesondheetspersonal, Handwierker oder Informatiker: A ville Secteure feelt et u Leit.

Gläichzäiteg gëtt et ëmmer méi schwéier Talenter aus dem Ausland unzezéien, heescht et souwuel vum Wirtschafts- wéi och vum Aarbechtsminister. Fir dem entgéint ze wierken, well een elo de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché mam Slogan “Your Future starts here” als Mark no bausse vermaarten. Fir Talenter aus dem In- an Ausland besser ze erreechen an hinnen den Accès zum Aarbechtsmarché méi einfach ze maachen, goufen zwee nei Instrumenter geschaf.

Mat den neien Internetsitte “Work in Luxembourg” an “Talent Desk” setzt d’Regierung op eng zentral Strategie, fir Talenter unzezéien, am Land ze halen an den Accès zum Aarbechtsmarché ze vereinfachen. Wann een op Lëtzebuerg schaffe kënnt, ass et net einfach all déi néideg Informatiounen iwwer d‘Liewen hei am Land an iwwer den Aarbechtsmarché ze fannen, erkläert de Wirtschaftminister Lex Delles. Den neie Portail „Work in Luxembourg“ soll do als zentral Informatiounsplattform déngen.

Nei Strategie fir den Aarbechtsmarché / Reportage Chris Meisch

Den „Talent Desk“ – fënnt een am Haus vum Entrepreneuriat oder ënnert digitaler Form. Hei soll den Zougang zu den Informatiounen, esouwuel fir d’Talenter, ewéi fir d’Betriber weider vereinfacht ginn.

“Wa mir vun Talenter schwätzen, ass ee ganz wichtege Punkt deen, dass mir hei am Kader vun der Talentattraktion schwätzen. Do musse mir awer och drun denken, dass mir Talenter mussen, wann se eemol hei sinn, och hei halen, an op där anerer Säit awer och déi Talenter déi mir brauchen, mussen ausbilden. Dat heesch, all Kéiers wa mir vun Talenter schwätzen, schwätze mir vun den dräi Volet‘en: Educatioun, Halen, a siche goen.”

Ee wichtegen Deel vum “Talent Desk” ass dee sougenannte Spouse-Programm, mat deem d’Regierung och d‘Partnerin oder de Partner vum internationale Salarié ënnerstëtze wëll. Si kréien Hëllef an Orientéierung, fir selwer méi séier eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze fannen, a sech besser z’integréieren. De Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer:

“Mir héiere vu ganz ville Betriber, dass d‘Attraktioun an d‘Retentioun vun engem Talent doru scheitert, dass d‘Conjointe sech net wuel fillen oder integréiert ginn, souwuel an der Gesellschaft, wéi um Aarbechtsmarché. Dofir ass et wichteg, déi Leit richteg ze begleeden an ze kucken, wéi ee si och kann ëmforméieren, fir hei richteg integréiert ze ginn. Ech mengen d‘Qualité de vie ass ee wichtege Punkt zu Lëtzebuerg.”

D’Chambre des métiers warnt: bis 2035 gi Schätzungen no 28.000 Handwierker an d’Pensioun.

Op där enger Säit feelt et u Main d‘oeuvre, op där anerer Säit klëmmt de Chômagetaux weider. Enn Dezember waren iwwer 21.000 Persoune bei der ADEM ageschriwwen – eng Hausse vu ronn 8 Prozent op 1 Joer gekuckt. Heiansdo, esou den Aarbechstminister Marc Spautz, brauchen d‘Leit gezielte Formatiounen, fir hir Chancen um Aarbechtsmarché ze verbesseren.

“Dofir bidde mir och do ganz vill Weiderbildungssaachen un, bei der ADEM, an do wäerte mir och an de nächsten Deeg, oder besser gesot an de nächste Wochen nach eng Kéier mat deene Skills-Pläng drop zréck kommen, fir dass mir et och fäerdeg bréngen, dass déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg als Demandeur d‘emploi agedroe sinn, och d‘Méiglechkeet hunn, op de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart kënnen integréiert ze ginn.“

Nei Talenter unzezéien ass dat eent – si op laang Dauer zu Lëtzebuerg ze halen, dat anert. Fir besser ze verstoen, firwat national an international Talenter net ëmmer hei bleiwe wëllen, huet d’Regierung eng Etüd an Optrag ginn. Am Mäerz sollen d‘Resultater presentéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO