Gesetzesprojet gëtt e Mëttwoch an der Chamber gestëmmtMéi legal Moyenen an der Lutte géint sexuellen Abus vu Mannerjäregen

RTL Lëtzebuerg
D'Marathon-Woch an der Chamber geet och um Mëttwoch weider. Insgesamt gëtt iwwer 10 Gesetzer ofgestëmmt.

Vu moies 8 Auer u sti 5 Gesetzesprojeten zum Vott. Dorënner ee Gesetz géint Gefuddels bei der TVA bei Saachen, déi um Internet verkaf ginn. Ausserdeem soll den Droit de grâce vum Grand-Duc e legale Kader kréien. Schliisslech soll eng Reglementatioun geschaaft ginn, an där festgehalen ass, wéi mat mat der Datebank mat de perséinlechen Donnéeën, dee bei der Justiz ugeluecht ass, ëmzegoen ass, also wie wéini Zougang zu dësen Informatiounen huet.

En Dënschdeg de Mëtteg stinn da weider 5 Gesetzprojeten um Programm, wouvunner och hei verschiddener d’Justiz concernéieren.

Beispillsweis sollen déi legal Moyenen an der Lutte géint de sexuellen Abus vu Mannerjärege gestäerkt ginn. Ausserdeem soll de Code pénal en Vue vu Manifestatiounen, déi aus dem Rudder lafen, punktuell ugepasst ginn. D’Recht ze manifestéieren, gëtt net beschränkt, mä d’Gewaltakten, déi drop aus sinn, den ëffentlechen Uerder ze stéieren, solle bestrooft ginn.

Back to Top
CIM LOGO