Kleos ass eng vun den Entreprisen, déi sech am Kader vun der Space-Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung zu Lëtzebuerg néiergelooss huet. D'Lëtzebuerger Firma wëll mat hire Satellitten iwwerwaachen, wat op de Weltmierer geschitt. Eng 15 Ingenieure schaffen an de Büroen an der Stad, wann dann net d'Devise ass, vun Doheem aus ze schaffen.
Fir Kleos wäert 2021 een entscheedend Joer ginn. Et géif een e grousst Potential gesinn an e Marché, deen an den nächste Joren éischter wäert wuessen. De Space-Mining-Projet verbënnt ee mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Et war a bleift eng Initiativ, déi polariséiert. De Wirtschaftsminister Franz Fayot war leschte Samschdeg Invité an der Emissioun Background. Genee wéi fir säi Virgänger wier de Space-Secteur och fir hien ee wichtege Beräich.
