Den LSAP-Wirtschaftsminister war e Samschdeg eisen Invité an der Emissioun "Background am Gespréich".

Et war e ganz komplizéiert Joer, ma et wier en "kontrastéierten Tableau" - mat deene Wierder huet de Franz Fayot op ee Joer Pandemie zeréckgekuckt. De Wirtschaftsminister war Invité de Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background. Verschidde Betriber hätten natierlech staark gelidden, anerer hätte méi oder wéineger d'selwecht kënne weider fonctionéieren an nach anerer hätten awer och hir Aktivitéite kënnen ausbauen. Dat alles mat enger Rezessioun am Hannergrond, déi den Ament vum Statec op 1,3 Prozent geschat gëtt, sou de Franz Fayot. Et wär den Ament och schwéier, den ekonomesche Schued à ce stade ze chiffréieren. Dofir wier et nach ze fréi an et géing natierlech och elo vill dovun ofhänken, wéi staark d'Relance ass, sou de Wirtschaftsminister.

Mee 2020 wier awer kee verluerent Joer gewiescht. Et hätt ee Lektioune gezunn. Vill Betriber hätte sech iwwerluecht, wéi se sech fir d'Zukunft opstellen a vill Entreprisen hätten och vill investéiert, wéi zum Beispill Cosmolux zu Iechternach (65 MIL €), Rotarex zu Lëntgen, oder B-Medical Systems zu Maarnech. Déi gréng Relance an d'Digitaliséierung hätten duerch d'Kris och e Boost kritt. Dat géing een zum Beispill bei der Stolproduktioun hei am Land gesinn.

Op alle Fall wollt sech de Minister och net dozou positionéieren, ob mer elo dat Schlëmmst hannert eis hätten. Mat esou Aussoe misst ee virsiichteg sinn, mee et géifen eng Partie Signaler ginn, déi hien optimistesch géinge stëmmen, sou de Franz Fayot. Notamment d'Investissementer an och d'Impfcampagne.

Wéineg Verständnis fir Grenzschléissungen
D'Regierung wier natierlech opmierksam op d'Decisiounen zu de Grenzenschléissungen, déi eventuell kéinte vun Däitschland geholl ginn, nodeems elo ganz Frankräich als Risiko-Gebitt ageschat gëtt. Hei wieren 30.000 däitsch Frontaliere potentiell betraff, déi keen Teletravail maache kënnen. Mat zouene Grenze bekämpft ee kee Virus, ma et géing ee just Schierbelen hannerloossen an der Relatioun tëscht Noperen an dofir hätt hien dofir kee Verständnis, sou de Franz Fayot.

E neit „Schnellverfahren“ fir Industrie-Betriber

Et wär ee sech all eens, dass een Dossier wéi dee vu Fage sech sou net méi kann zu Lëtzebuerg ofspillen. Fir e Betrib, een Investisseur, deen op Lëtzebuerg wëll kommen, 4-5 Joer hänken ze loossen, dat geet net an dat muss à tout prix evitéiert ginn, sou de Franz Fayot. An dem Sënn huet d'Regierung dofir decidéiert, een „Nohaltegkeets-Check“ anzeféieren, eng Zort Schnellverfaren, wou interministeriell verschidde Critèrë gekuckt ginn, wann een neie groussen Industrieprojet soll op Lëtzebuerg kommen. Engersäits géing gekuckt ginn, wat de Projet dem Land géing bréngen. Wéi vill Invest ass domat verbonnen? Wéi vill Aarbechtsplaze gi geschaaft? Passt en an déi wirtschaftlech Diversifizéierungspolitik? Ginn et Exportméiglechkeeten? Wat gëtt sech fir ee Benefice erwaart? A wat ass d'Innovatioun? An anerersäits géing gekuckt ginn, wéi eng Inzidenzen de Projet op d'Ëmwelt huet. Wéi ass et mam Waasser-Verbrauch? Energie? Impakt op de Klima an d'Loftqualitéit? Et géing deemno am Virfeld gekuckt ginn, all déi grouss Obstakelen aus dem Wee ze schafen, sou de Wirtschaftsminister. Dat soll dann och séier goen, dat wär d'Iddi derhannert, sou de Franz Fayot.

De Wirtschaftsministère hätt do de Lead, zesumme mam Environnement, mam Aménagement du Territoire, dem Aarbechts- an och dem Transportministère. Wou jiddereen am Virfeld kéint seng Bedenken umellen, mee soubal de Projet dann approuvéiert wär mam Nohaltegkeets-Check, soll et dann och méi schëtzeg virugoen, sou de Minister.

Den Dossier vun der griichescher Jughurtsfabréck wier natierlech keng gutt Pub no bausse gewiescht, mee et dierft een dat och net iwwerbewäerten. Et wär een ëmmer nach attraktiv an dat géing een gesinn un den Investissementer déi gemaach géifen. Et bräicht een och nach méi Industrie hei am Land, sou de Minister, mee eben och eng méi nohalteg an dat wär och um Terrain ukomm. D'Betriber géingen sech ëmmer méi digitaliséieren, och am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft. Dat Bild vun der knaschteger Schwéierindustrie géing ëmmer méi dem Bild vum propperen High-Tech Betrib weechen.

IndustrieProjeten: Google & Guardian & Liberty Steel & Arcelor Mittal

Nodeems de PAP vu Google am Gemengerot zu Biissen approuvéiert gouf an Google och vum Ëmweltministère gesot kritt huet wat se genee an hiren Ëmwelt-Impaktstudie misste kucken am Beräich vum Waasser, vum Kaméidi  etc, hätt sech déi amerikanesch Entreprise elo eng ganz renomméiert international Etüd geholl fir dat ëmzesetzen. Dat géing weisen, dass de Betrib weiderhin ganz interesséiert wär an de Grand-Duché ze kommen, sou den Franz Fayot.

Mam amerikanesche Flaachglasproduzent Guardian, déi annoncéiert haten se wéilten net an een neien Uewen investéieren, wier een awer ëmmer nach am Gespréich, erkläert de Wirtschaftsminister. Mat Subsiden-Instrumenter géing een se wëllen iwwerzeege fir an e ganz neien, héichmodernen Uewen z'investéieren, den méi Energieeffizient wär an manner Emissioune géing ausstoussen, wéi déi aktuell Iewen. Dëst kéint och eng Weltpremière sinn an hien wier virsiichteg optimistesch, dass sech de Projet géing realiséieren, sou de Minister.

Wat de brittesche Grupp Liberty Steel ugeet, dem zanter 2 Joer dat fréiert Kalwalzwierk zu Diddeleng gehéiert, do wär een am enke Kontakt mam Management vun Diddeleng an Léck. Liberty Steel gehéiert jo dem Milliardär Sanjeev Gupta. Ufank Mäerz koum jo d'Nouvelle, dass Greensill Capital Faillitte gemaach huet an dat ass een vun de Creanciere vum Gupta Grupp. Deemno gëtt gefaart, dass d'Finanzkonstrukt ronderëm Liberty Steel elo kéint an e Koup falen. Fir den Ament wär d'Situatioun relativ onstabel, sou de Franz Fayot.

Wat Arcelor Mittal ugeet, do hätt de Staat zesumme mat de Gewerkschaften an der Entreprise am Januar een Tripartite-Accord signéiert, sou de Wirtschaftsminister, wou de Staat engersäits beim Reorganisatiounsplang hëlleft an anerersäits hätt een dofir Zougeständnesser beim Investissement kritt. Arcelor Mittal géing déi nächst Jore 65-100 Milliounen Euro investéieren an dat och an déi 4 Produktiounssitten. Deemno wär d'Angscht, dass Aarbechtsplazen am industrielle Betrib ofgebaut ginn, net justifiéiert. Dat wär och een vun den Kärpunkten am Accord gewiescht, sou de Minister.

Accord tëscht Paul Wurth an dem däitsche Mammegrupp SMS
Hien konnt dann och d'Annonce maachen, dass net méi spéit wéi dës Woch een Accord fonnt gouf tëscht den staatlechen Aktionären (SNCI, de Staat an d'Spuerkees) an den däitsche Mammegrupp SMS, wat d'Vente vu 40 Prozent vun der Lëtzebuerger Traditiounsentreprise Paul Wurth ugeet. D'Demande vum Grupp SMS war et fir d'Parten ofzekafen, am Géigenzuch dofir géing een d'Aktivitéite vu Paul Wurth hei am Land ausbauen an stabiliséieren. Paul Wurth gëtt elo an Zukunft den neien „pôle vert“ vun SMS, wou nei Technologien entwéckelt ginn, fir „gréngen“ Stol ze produzéiere mat Hydrogène. E Succès deemno, well net just den Numm géing erhale bleiwen, ma och d'Aarbechtsplazen an dat alles am Sënn vun enger grénger Relance, sou e Franz Fayot.

Plans sectorielles: wéi kann een Terrainen a Privathand mobiliséieren?
Fir Privatterrainen, déi am Plan sectoriel fir Industriezonen a Fro kommen, (455 Hektar) ze mobiliséieren, wier vill Iwwerzeegungsaarbecht gefuerdert, esou de Franz Fayot. Och d'Gemenge missten hei hire Rôle spillen.  D'Aktivitéitszone géingen elo awer och besser geplangt ginn, am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft, mee awer och bei der Organisatioun vun Parkingen. Am grousse Ganze bräicht een eng aner Erugehensweis mat den Aktivitéitszone mat enger besserer Abannung an den Aménagement du territoire an d'Urbaniséierung ronderëm déi grouss Verkéiersachsen.

Och am Space- Secteur  geet et virun

Den Space Secteur géing sech och ganz gutt entwéckelen an hätt vill Potential. Den Investmentfong Orbital Ventures Fund, wou och den Europäeschen Investmentfong mat dran ass, hätt aktuell vill Succès. Viru kuerzem hätt een och den ESRIC inauguréiert, den „European Space Ressources Innovation Center“, den een zesumme mat der europäesche Raumfahrtagence ESA opgebaut hätt. Dat wär e weidere Baustee fir hei am Land Recherche ze maachen.

Kooperatioun a Wirtschaft passe gutt zesummen
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet och den Ressort vun der Kooperatioun an déi géinge besser beienee passe wéi een géinge mengen. A ville Beräicher kéinte Kollaboratiounen entstoe wou de Privatsecteur och mat kéint an d'Kooperatioun investéieren, ouni den kéint een d'Entwécklungsziler net erreechen.

Den europäesche Covax-Programm wär e schwieregt Thema, well vill Länner dem Impfnationalismus verfalen, wéi zum Beispill Indien. Dat well si eng nei Well den Ament musse geréieren an deemno als weltwäit gréisste Vaccinsproduzent net méi wëllen exportéieren, erkläert de Minister. Dobäi wär den Covid-Shield, den um AstraZeneca baséiert, e ganz wichtege Bestanddeel vum Covax-Programm. Covax hätt schonn ugefaange Vaccin ze distribuéieren. Bis ewell 32 Milliounen Dosen an 61 verschidde Länner, dat och an enger Partie Länner mat deene Lëtzebuerg kooperéiert. Dorënner de Senegal, de Nicaragua, de Mali, de Kapverd an de Laos.  "No one is safe, until everyone is safe", sou nach den  Wirtschafts- an Kooperatiounsminister Franz Fayot.

Background am Gespréich: Franz Fayot

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.