Eng ganz Partie Firmen hunn sech dorop spezialiséiert, fir dës ze entwéckelen. Den nächste Schrëtt geet awer kloer a Richtung méi séier Tester.
D'Monica Camposeo huet eng lëtzebuergesch Firma besicht, déi un esou engem schafft.
An dësem Büro an der Stad ginn déi nei PCR-Tester entwéckelt. D’Fabrikatioun ass a Frankräich. D’Firma developpéiert schonn zanter 20 Joer Tester, déi infektiéis Krankheeten erkenne kënnen. Dorënner och ee PCR-Test fir de SARSCov2, deen am Ufank vun der Pandemie scho bei der CNS enregistréiert gouf. Ma elo kéim een an déi nächst Etapp, an zwar:
Den Dr. Chalom Sayda, Grënner a CEO vun ABL
„Mir wëllen en Test entwéckelen, dee méi séier ass an et enger eenzeger Persoun am Labo erméiglecht a manner wéi enger Stonn eng 100 Tester auszewäerten.“
Den Ament bräicht ee mat gängegen PCR-Tester ëm 2 an Hallef Stonnen bis een d’Resultat huet.
Wann een dës Phas verkierzt, kënnen a kuerzer Zäit méi Leit getest ginn. Dat verhënnert och, dass an der Tëschenzäit méiglecherweis Leit ustécht.
Un der PCR-Technologie wéilt een awer och fir déi méi séier Tester festhalen:
„D’PCR-Technologie ass immens sensibel, mee awer och spezifesch. Well d’Sonde erméiglechen et, eng eenzeg genetesch Regioun ze detektéieren, déi eben nëmmen am SARSCov2 a net bei aneren änleche Viren ass. Well dat ass jo eng Famill vu Viren an et ginn och aner Viren déi ganz änlech sinn, mee awer net déi nämmlecht Symptomer ervirruffen.“
Dëse séiere PCR-Test ass am Gaange validéiert ze ginn. Duerno soll en op der ganzer Welt kënnen agesat ginn. An Zukunft soll dann och zu Lëtzebuerg kënne produzéiert ginn.
