
Konkret fuerderen déi Gréng, dass op 3 Punkte soll ugesat ginn.
D‘Chamberkommissiounen sollen ëffentlech gemaach ginn. Dofir hat sech jo och schonn de Chamberpresident Etgen ausgeschwat. Do proposéieren déi Gréng 3 Zenarien, erkläert d’Fraktiounscheffin Josée Lorsché.
“Mir proposéieren beispillsweis fir déi Kommissiounen ëffentlech ze maachen, wou de President [vun der Kommissioun] freet, fir se ëffentlech ze maachen. Dat gëtt jo een Abléck an d’Aarbecht vun där Kommissioun. Den zweeten Zenario gesi mer doran, wann e Gesetzprojet presentéiert gëtt, wat jo net direkt héich politesch Diskussioune sinn. Mee einfach gesinn, wat e Gesetz ass, wéi gëtt et virgestallt, wat ass den Historique, wat ass d’Zil. Dat wier mol interessant, fir d’Bierger ze gesinn. An een drëtten Zenario wär deen, dass d’Budgetskontrollkommissioun géing ëffentlech ginn, well do geet et ëm d’Steiergelder. Wéi ginn d’Steiergelder investéiert? Dat sinn d’Suen vun de Biergerinnen a Bierger.”
Donieft misst d‘Transparenz- Regëster, wat d’lescht Joer en place gesat gouf, reforméiert ginn. Aktuell géing dëst Regëster säin Zil komplett verfeelen, esou déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard.
“Dat Dokument ass déi Plaz, wou u sech soll opgeschlësselt sinn, wéi eng Organisatiounen, Beruffsverbänn, Intressevertrieder oder ONGen mir als Deputéiert gesinn. Mir hunn dat en place gesat d’lescht Joer, mee à ce Stade ass et näischt aneres wéi eng Lëscht vun Organisatiounen, déi iergendeen vun deenen 60 Deputéiert an der Vergaangenheet gesinn huet. Et steet net do, wéi een Deputéierten wéi eng Organisatioun gesinn huet a virun allem zu wéi engem Sujet.”
Drëttens géing et och nach vill Sputt no uewe ginn, wat d’Transparenz ugeet vun dem Niewenakommes an vun den finanziellen a wirtschaftlechen Interêten vun de Parlamentarier.
“Beispillsweis bei Montanten iwwer 200.000 Euro. Och do menge mer, dass mer dat nach méi am Detail kënnen opschlësselen, well dat sech einfach ëm enorm Zommen handelt. Mee awer och bei den SCIen, also do wou Deputéiert gréisser Revenuen iwwer Immobilien kënne maachen.”
Bis ewell wier et nämlech esou, dass d’Deputéiert net missten deklaréieren, wat se aus Quellen baussent dësen SCIen also den Sociétés civiles immobilières vu Suen verdéngen an dat misst geännert ginn.
Normalerweis missten esou Proposen an der Règlements-Kommissioun vun der Chamber diskutéiert ginn, sou d’Josée Lorsché, déi selwer Member vun där Kommissioun ass.
“Et ass do, wou déi entspriechend Reforme vum Chamber-Règlement diskutéiert ginn. Oder besser gesot sollen diskutéiert ginn. Wann dës Kommissioun, déi dem ADR-Deputéierte Roy Reding ënnersteet, dann ausnahmsweis tagt an domat ass schonn een éischten Problem genannt. Déi Kommissioun kënnt ganz seelen zesummen. Den Här Reding ass ganz seelen an der Chamber unzetreffen. An eis Demande ass ëmmer op en Neits déi, dass hien déi Kommissioun zesummerifft, dass mer kënnen un dem Règlement schafffen. Mee ech fille mech heiansdo wéi “eine einsame Ruferin in der Wüste”.”
Wann déi Kommissioun da mol géing beienee kommen, géing e Rapport mat den Neierunge geschriwwen an an der Chamber virgestallt ginn. Doriwwer géif dann och ofgestëmmt ginn, fir dass se kéinten a Kraaft trieden. Fir déi Gréng soll dat nach bis d’Enn vun dëser Legislaturperiod geschéien, sou d’Josée Lorsché.