
Bal 8.000 Leit sinn 2021 iwwert d’sexuell Gesondheet sensibiliséiert, forméiert oder informéiert ginn.
D’Presidentin vum Conseil d’Administration vum Planning Familial, Ainhoa Achutegui, huet ervirgestrach, datt et op der Welt nach ëmmer Länner ginn, an deene Fraen a Gefor wieren, notamment an den USA mam Ofdreiwungsgesetz. Zu Lëtzebuerg hätten iwwerdeems zejoer 60 Frae vun de Servicer vum Planning Familial kënne profitéieren, déi keng Krankeversécherung haten.
E weidere Constat wier, datt d’Konflikter bannent Familljen an d’Gewalt am Allgemengen zougeholl hätten.