Nationale JoresbilanMéi wéi 50.000 Leit hunn zejoert vu Croix-Rouge-Servicer profitéiert

Claudia Kollwelter
Lynn Cruchten
E Méindeg huet d'Lëtzebuerger Rout Kräiz d'Zuelen aus dem leschte Joer presentéiert. D'Demande fir nei Servicer bleift weiderhin immens héich.
Méi wéi 50.000 Leit hunn zejoert vu Croix-Rouge-Servicer profitéiert
E Méindeg huet d'Lëtzebuerger Rout Kräiz d'Zuelen aus dem leschte Joer presentéiert. D'Demande fir nei Servicer bleift weiderhin immens héich.

Méi wéi 50.000 Leit hunn zejoert vu Croix-Rouge-Servicer profitéiert

Iwwer 50.000 Leit hunn zejoert hei zu Lëtzebuerg vun engem vun de Servicer vun der Croix-Rouge profitéiert. An de Beräicher, an deenen d'Rout Kräiz aktiv ass, géifen et nach ëmmer grouss Besoine ginn. Dat huet den Direkter Michel Simonis en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz betount, op där de Joresrapport 2025 presentéiert gouf. Eng Prioritéit zejoert war de Logement fir Jonker.

Den Aarmutsrisiko am Land ass nach ëmmer ganz héich a virun allem Kanner a Jonker sinn deem Risk extreem exposéiert. D'Rout Kräiz huet sech dofir eng Strategie Logement ginn, fir de Jonken a Schwieregkeeten d'Méiglechkeet op eng Wunneng ze bidden. D'Veronique Schmit vun der Croix -Rouge:

Ganz vill Jonker liewen dann awer tëschenzäitlech op der Strooss. Si kréien eng Hëllefsmesure, wou se dann och deelweis Bonge kréien, fir och a Jugendherbergen ze schlofen. Mee dat ass alles zäitlech begrenzt. An dat heescht och net, wann ech als Jonken an d'Jugendherberg op Beefort kommen, dass ech do bleiwe kann. Dat heescht, wann déi den Dag drop voll ass, muss ech vläicht meng siwe Saache paken an op Veianen goen. Deelweis si mir ganz schockéiert, aus wéi enge Verhältnisser déi Jonk kommen. Also et war ee jonkt Meedchen, dat huet déi Nuechte virdrun am Bësch geschlof, well et sech do méi sécher gefillt huet!

Am September zejoert huet d'Rout Kräiz zu Uewerglabech eng nei Struktur opgemaach, mat ënnerschiddleche Servicer fir Kanner a Jugendlecher. Den Direkter vun der Croix-Rouge, Michel Simonis, erkläert, wat d'Zil hannert dem Projet ass.

En Daach iwwert dem Kapp ze liwweren, mee awer op der anerer Säit mir, awer och selbstverständlech mat engem Office national de l 'enfance, mat och engem Ministère, deen dann d'Jugendwunnengen ënnerstëtzt, datt mer awer och eng edukativ, eng pedagogesch Ënnerstëtzung bidden, fir deene Jonken awer och méi eng durabel Ënnerstëtzung ze ginn, datt se och léiere mat enger Wunneng eens ze ginn, datt se léieren, hir Formatioun fäerdeg ze maachen, datt se léieren, op hir Féiss ze falen. A mir hunn dann de Fonds de solidarité, deen eventuell kann hëllefen, souzesoen e Coup de Pousse ginn, fir de Fürerschäin ze maachen, datt mer en alleguerten d'Moyene ginn, awer se och begleeden, fir datt se an déi Autonomie erakommen, fir datt mer och herno Jonker hunn, déi bis elo an der Prekaritéit waren, vläicht iwwer Generatiounen an der Prekaritéit waren an awer elo vläicht och d'Kéier kréien.

De Projet “Jugendwunnen” bitt siwen individuell Logementer fir Jonker tëscht 18 an 31 Joer. Aktuell sinn allerdéngs net manner wéi 131 Leit op der Waardelëscht. D'Demande ass deemno extreem héich an d'Croix-Rouge ass aktuell, mat dräi weidere Gemengen, an der konkreeter Planung fir weider Projeten. Den Direkter vum Roude Kräiz huet dann awer och nach en anere Projet ervirgestrach, deen zejoert lancéiert gouf, nämlech den nationalen Zenter fir Victimme vu Gewalt.

Quasi 400, also 397 Victimmen hu sech zënterhier an deem Centre do gemellt, wou mer jo eigentlech wëllen op sinn, datt d'Leit, déi Victime sinn, vu violence, verschidden Zorten de violence, datt déi eng Ulafstelle hunn, wou se kënne gehollef kréien an och kënnen orientéiert ginn, fir eventuell eng Plainte ze maachen, fir emol direkt gehollef ze kréien, eventuell en Ënnerdaach ze fannen.

Net just Engagementer zu Lëtzebuerg, ma och déi am Ausland, goufen donieft opgezielt an allgemeng ënnerstrach, datt d'Croix-Rouge eng breet Panoplie un Aktivitéiten ofdeckt an ee weider engagéiert bleift. D'Croix-Rouge huet dann och dovu profitéiert, en Opruff ze maache fir Donen, fir weider kënnen deene Leit ze hëllefen, déi dorop ugewise sinn.

Back to Top
CIM LOGO