Op Problemer opmierksam maachenMéi wéi eng ëffentlech Petitioun den Dag deposéiert

RTL Lëtzebuerg
Zanter der Legislatur vun 2018 goufen ëm déi 1.700 Petitiounen deposéiert, dovunner sinn der 41 an engem ëffentlechen Debat diskutéiert ginn.

Bilan Petitiounen / Reportage Lisa Weisgerber

Dëst si gutt Zuelen, déi och deels duerch den neien Internetsite an d’Handy-App, déi 2021-2022 agefouert goufen, z’erkläre sinn, esou d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt: “D’Leit liewen déi Petitiounen. Dass si gäre matschwätzen, do wou et zielt, an der Chamber. Mam Internetsite wäert dat an der nächst och esou bleiwen. D’Leit benotzen de Medium vun der moderne Demokratie, mam neien Internetsite.”

D’Sujete vun de Petitioune si ganz ënnerschiddlech. Thematiken, déi awer ëmmer erëmkommen, sinn aus de Beräicher vun der Mobilitéit, dem Logement, de Finanzen oder och nach dem Gesondheet Secteur.

D’Petitioune bréngen awer net nëmmen d’Iddien an d’Wënsch vun de Bierger an d’Chamber. Zousätzlech kënne si d’Deputéiert op Problemer opmierksam maachen, déi soss géifen onentdeckt bleiwen. Dëst war zum Beispill de Fall bei der Petitioun, bei där eng Augmentatioun am Service vun der Kanner-Onkologie gefuerdert gouf, esou d’Presidentin vun der Kommissioun: “Hei ass duerch d’Petitioun opgefall, dass Lëtzebuerg sech net un déi international Critèren hält. Et wieren net genuch Better do an een Dokter gouf vun der Fondation Cancer bezuelt an net vum Spidol CHL.”

Bei dëser Petitioun gouf duerno och de Gesondheetsministère gefrot, direkt ze reagéieren a sech mam CHL a Kontakt ze setzen.

Petitioune kënnen um Internetsite Petitions.lu agereecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO