D'Impfbereetschaft an de Gesondheetsberuffer leit bei e bëssen iwwer 60 Prozent, bei de Professionnels de santé extrahospitalier bei 50,5 Prozent (Stand 15.03.2021).
An de leschte Wochen ass et a verschiddenen Alters- a Fleegeheemer zu gréissere Cluster komm. Fir de Professer Claude Muller, Expert an der Virologie wier et wichteg genee op ze kläre wei et zu dësen Ausbréch konnt kommen. Et wier am Interêt vu jidderengem fir ze verstoe wat geschitt ass a wei et an Zukunft ka verhënnert ginn.
Den Ament kéint een net genee soe wei et zu esou Ausbréch kennt. Aus dem Secteur heescht et, datt et wichteg wier datt den Taux vun de geimpften esou héich wei méiglech misst sinn, systematesch Schnell- a Selbsttester agesat ginn an esou laang a der Gesamtpopulatioun vill Leit infizéiert sinn een och d' Geste Barrière misst bäibehalen. Dat ass d' Theorie.
Eisen Informatiounen no gesäit et um Terrain anescht aus. Schnell- a Selbsttester komme kaum an den Asaz, virop d' administrativ Hürde wiere grouss. Wat d'Impfbereetschaft ugeet, esou hätten 92,5 Prozent vun den Awunner eng éischt Dosis kritt, 68,7 Prozent wiere komplett geimpft, dat geet aus Zuele vum ECDC Ervir, dem europäeschen Zenter fir Präventioun an d' Kontroll vu Krankheeten ervir. Beim Personal aus dem Fleegesecteur wier dat anescht. Op Nofro huet d' Santé matgedeelt, dat Stand 15. Mäerz 50,5 Prozent vun de Professionnels de santé extrahospitalier geimpft waren. Weider heescht et, dat 1310 Persounen déi an der éischter Phase konnte geimpft ginn op enger Waardelëscht stinn a geschwënn kenne geimpft ginn.
Fir déi national Ethikkommissioun wier et och elo zu Lëtzebuerg ubruecht iwwert eng méiglech Impfflicht am Gesondheetssecteur ze diskutéieren. Och Verantwortlecher aus de Strukture géifen et begréisse wann eng Impfflicht am Gesondheetssecteur géif kommen.
Schock säitens der Amiperas: "Vill eeler Leit wëllen net méi liewen!"