Opgepasst bei der HandysrechnungMéiglech onéierlech SMSen ënnerwee

Tim Morizet
Wie seng Rechnung vum Handysabonnement déi lescht Zäit kontrolléiert huet, kéint dobäi eng Kéier gutt erféiert sinn.
© RTL Archiv

Konkreet geet et hei ëm Premium-SMSen, déi zanter e puer Wochen ënnerwee sinn. Dobäi kënnen de Mount och emol gären Zommen am dräistellege Beräich ofgebucht ginn.

Phishing-SMSen am Reseau vun der Post / Rep. Tim Morizet

Dacks sinn et Messagë fir Spill-Abonnementer. Déi kommen zum Beispill vu Plattformen ewéi Thumbr, Zimiq oder Gamsai. Also Nummeren, déi mat 67 ufänken. Nummeren, fir déi ee pro Message, deen ee kritt, bis zu 3 Euro muss bezuelen – e Prinzip, deen de base näischt Neies ass, de Cliff Konsbruck, Direkter vun der POST Telecom.

Hei stiechen ‘Fournisseurs de Service’ dohannert, déi hir Servicer ubidden. Sief dat fir Meteo-Updates, Pëtrolspräisser, Parkingsticketen oder Horoskoper. Do muss ee sech normalerweis fir esou ee Service aschreiwen an da kritt een esou SMSe geschéckt.“

Normalerweis, well eng Rëtsch Clientë sinn där Meenung net. De base ass et awer esou, datt ee seng Nummer bewosst oder onbewosst op enger online Plattform gedeelt huet an iergendwou op e Kreepche gedréckt huet.

Mir hunn awer och gesinn, datt dat ganzt net ëmmer ganz transparent vun deene Fournisseuren, déi de Service ubidden, gehandhaabt gëtt. Wann d‘Clienten der Meenung sinn, sech net ageschriwwen ze hunn an awer esou SMSe kréien, da sollen se sech direkt bei hirem Operateur mellen. Den Operateur ka retracéieren op dee Client sech wierklech op deem Site ageschriwwen huet oder net. Et muss een awer soen, datt den Operateur just den Intermediaire är. Dohannert stécht de Fournisseur vun dëse Servicer.“

Op der Telefonsrechnung fënnt een dës Käschten ënnert „sms surtaxés“. Huet de Client sech net ageschriwwen, ginn d‘Chargen als Fraud consideréiert a gi rembourséiert.

Soubal de Client esou een SMS kritt, wou en der Meenung ass, datt e sech net ageschriwwen huet, da soll en op deen SMS mat ‘STOP’ äntweren. Da muss de Client och direkt aus deem Service ausgeschriwwe ginn.“

D‘Nummer iwwert den Handy blockéieren, bréngt iwwerdeems näischt. D‘SMSe kommen zwar net un, mee ginn de base vum Fournisseur nach verschéckt a verrechent. De Client ka beim Opérateur Premium SMSen och komplett blockéiere loossen.

RTL Faktencheck: Sou erkennt Dir Bedruch am Internet

Back to Top
CIM LOGO