Duebele MordMembere vun der Police technique hunn hir Aussoe gemaach

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm den duebele Mord am November 2016, hu Membere vun der Police technique um Dënschdeg Erklärungen zum Oflaf vun den 2 Morde gemaach.

Et wär zimlech kloer gewiescht, dass d'Fundorten net d'Tatorte waren, a beim 1. Mord loung d'Waff wuel gelueden am Auto. Dat waren zwou Aussoen,  en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht, vu Membere vun der Police technique am Prozess géint zwee Männer wéinst zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam.

Donieft hunn d'Spezialisten ënner anerem Opklärung ginn iwwer Spuren am Auto vum a beim Haaptbeschëllegten doheem, doriwwer, wat d'Sëtzuerdnung am Auto beim 1. Mord ugeet a wéi déi zwee Affer erschoss goufen.

Duebele Mord: De Reportage vum Eric Ewald

Fir e Polizist, dee sech ënner anerem mat der Ballistik befaasst huet, gouf dat 1. Affer vun hannen am Auto, wuel duerch d'Kappstéck erduerch, erschoss, aus enger Distanz vu manner wéi 5cm a mat Schalldämpfer.

Dat zweet Affer ass iwwerdeems vum Chauffeur erschoss ginn, aus enger Distanz vun ënner 10cm. Den Aschoss bei der Prostituéiert hätt op den nämmlechte Kaliber higedeit wéi dee beim Drogendealer. Donieft wäre bei enger Perquisitioun beim Haaptbeschëllegten doheem net nëmmen zwou Pistoulen an 3 Schalldämpfer fonnt ginn, mä och Blutt op enger Pistoul an engem Schalldämpfer an DNA-Mëschspuren, un der Pistoul, vum Haaptbeschëllegten a vun deenen zwee Affer.

E Beamten, deen den Auto vum Haaptbeschëllegten ënnersicht hat, huet betount, dass op der Bäifuerersäit d'Fënster futti war an am Gefier Bluttspure fonnt goufen, ë.a. um Bäifuerergurt an op der hënneschter Bänk. Et wär och kloer gewiescht, dass de Won gebotzt gi war. E Polizist, dee fir d'Spuresécherung beim Haaptbeschëllegten doheem responsabel war, hat do ënner anerem DNA-Spure vun den zwee Affer fonnt an de Pass vum Drogendealer. Fir e weidere Member vun der Police technique, deen op béiden Tatorte war, goufen op deem 1. DNA-Spure vum Haaptbeschëllegten entdeckt, an dee plausibelsten Zeenario, wat d'Sëtzuerdnung am Auto beim 1. Mord ugeet, wär deen, dass den zweeten Ugekloten um Steier, den Drogendealer um Bäifuerersëtz an den Haaptbeschëllegten hanne souz. Allzäit wär keen op der Réckbänk erschoss ginn. Dëse Prozess geet e Mëttwoch virun, dann och vläicht nees mam zweeten Ugekloten, deen haut fir d'zweet net ugetrueden ass, well hie krank war.

Back to Top
CIM LOGO